Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Advantage Points

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maz - What is the Meaning?

Schlofzëmmerbléck

Maz - What is the Meaning?

De jonker Rapper Maz ass ee vun deenen 13 Museker, déi fir den 100,7 een exklusiivt Stéck am Confinement opgeholl hunn. Enner dem Titel "What is the Meaning" huet den MC keng Angscht, Froen ze stellen an interpretéiert déi aktuell sanitär Situatioun als Message vum Planéit. Méi huet hien dem Marc Clement am Gespréich verroden.

auto_stories

2 min

Eng intensiv Perséinlechkeet

De Maz ass ee jonke Rapper, deen am Donstkrees vum Läb an dacks mam Cehashi seng Songs produzéiert. An deene leschte Joren huet hie mat staarken an emotionalen Tracks wéi "Boys Don't Cry", an enger Partie iwwerzeegende Live-Optrëtter op sech opmierksam gemaach. Fir d'100,7-Schlofzëmmerbléck-Commande huet de Maz sech déif Gedanke gemaach. Mir sinn amgaang, d'Warnsignaler vum Planéit ze verpassen, esou seng kloer Ausso.

"Ech hat vill Zäit, nei Saachen iwwer mech selwer erauszefannen, an ech hat wichteg Gespréicher mat menge Frënn a menger Famill.",

beschreift de Maz seng Zäit am Confinement.

Par Rapport zum Musek produzéieren huet d'Situatioun keng Problemer gestallt:

"Ech sinn et gewinnt, eleng ze schreiwen. Just d'Ophuelen, dat maachen ech normalerweis net heiheem. Am Studio fillen ech mech besser encadréiert, do hunn ech d'Leit vun der Zeen ronderëm mech."

Hien ass also frou, wann erëm alles ka säi gewinnte Laf weidergoen, zumindest beim Produzéieren.

Een Iwwerzeegende Message

"Ech spiere ganz kloer, dass elo de Moment wier, eis Liewensweis unzepassen a besser op d'Natur opzepassen. Ech hu just d'Gefill, datt dëse Moment wäert verpasst ginn, an dorëms geet de Song".

D'Ambitioun bleift op jiddwer Fall lieweg fir de jonken MC.

"Ech wëll gären all déi Promo-Saachen op den neiste Stand bréngen, doheem schaffen, an herno, wann et erëm weidergeet, explodéieren."