Den Debut war nach gréisstendeels vu folkege Gittare gepräägt. Dës sinn zwar op "Prize" och nach ze héieren, mee et hu sech sëlleg aner Instrumenter, virun allem Synthesizer bäigemëscht, wat den neien Disk insgesamt méi breetgefächert an ofwiesslungsräich mécht.
Experimentelle Folk mat elektronesche Kläng
Et ass schonn nach ee Folkalbum am grousse Ganzen - mee ebe bëssi méi experimentelle Folk mat vill elektronesche Kläng an Jazz-Rhythmen a Leftfield-Pop Aflëss. Den Album huet e bëssi eppes vun engem Klanglabyrinth an deem een ëmmer nees op néi Sounds an Instrumenter stéisst.
Et si Steel Drums dobäi, Harfkläng, Saxophon, orchestréiert Sträichinstrumenter an wéi gesot eng gutt Portioun Synthesizer, sou zum Beispill am Song "Agreeing For Two", dat e wéineg un d'80er Joren erënnert, et kéint duerchaus ee Fleetwood Mac Song aus dëser Zäit sinn.
De Saxophon am Lidd gëtt iwwregens vum Londoner Jazzmuseker Alabaster de Plume gespillt - ee vu sëllege Gäscht um Album. Och den Danalogue vun der Formatioun "The Comet is Coming" ass dobäi, genee ewéi d'Kate Stables, déi ee villäicht besser als "This is the Kit" kennt - e Projet bei deem och d'Rozi Plain matmëscht.
Stëmmen aus allen Ecken
Wat der Rozi Plain hier Lyrics op dësem Album charakteriséiert ass déi relativ kuerz an och e bëssi kryptesch Form. Wann een d'Texter einfach sou um Pabeier liest, kéint een et fir ee japaneschen Haiku halen. Dat léisst natierlech och genuch Interpretatiounsspillraum. Dacks sinn et just e puer Wierder, déi dann ëmmer nees widderholl ginn, zum Beispill am Song "Prove your Good" an deem séngem Refrain e Spriechchouer ze héieren ass.
An och dat zitt sech e wéineg wéi e roude Fuedem duerch den Disk. D'Stëmme kommen dacks gefillt aus allen Ecken hier, d'Rozi Plain schafft vill mat Layering, leet also ëmmer nees Stëmmen iwwerteneen. Kléngt villäicht e bëssi no Kakophonie, mee et geléngt der Musekerin an deem Ganzen eng gewëss Uerdnung ze halen. Um Enn gëtt et keen Zweiwel méi dorun datt "Prize" keen Trouschtpräis mee den Haaptgewënn ass.