Radioen

On air

Moiesstudio  |  Fred Keup

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat waarmer Loft duerch d'Energiekris

Chronik

Mat waarmer Loft duerch d'Energiekris

Et ass Krich an der Ukrain, russesche Gas a Pëtrol ginn an der EU ëmmer méi rar, donieft hunn déi franséisch Atomkraaftwierker vill technesch Probleemer, a wéinst der Dréchent war och op d'Waasser-Energie am Summer kee Verlooss. Et ass gewosst, datt Energiespueren déi bescht Manéier ass, fir d'Situatioun net ze verschlëmmeren.

auto_stories

4 min

De Jean-Claude Franck ass Chefredakter vum radio 100,7. Foto: Archiv

Simon Larosche: Fir d'Chronik vun de Moie bass du, Jean-Claude Franck, der Meenung, datt Lëtzebuerg bis elo den Zuch verpasst huet fir Energie ze spueren, mee ëmmerhi läit zanter dem Donneschdeg jo awer een Energie-Spuerplang vir?

Jean-Claude Franck: Dat ass richteg Simon, en ass presentéiert ginn, op engem aachte September, e bësse spéit.

De Logo vun der "Campagne Zesumme spueren, Zesummenhalen", ëmmerhin, ass scho virun annerhallwem Mount entworf ginn, mee de Contenu vun der Campagne huet op sech waarde gelooss.

PR kënnt ebe leider an der Politik ze dacks un éischter Plaz.

Geet et da mat där Campagne, déi de leschten Donneschdeg presentéiert gouf, net duer fir d'Energie esou staark ze spueren, wéi d'Europäesch Unioun dat gär hätt, nämlech em 15 Prozent beim Äerdgas wärend den nächste sechs Méint ?

Fir d'alleréischt wësse mer, datt et och ëm Pëtrol geet, an och ëm Stroum, dee Präis ass jo op de Bourssen och explodéiert.

Mee zu Lëtzebuerg traut d'Regierung sech nach net esou richteg, och déifgräifend Mesuren ze ergräifen. Den Energieminister sot den Donneschdeg: "mir wëlle keng national Spuerpolice, mee e fräiwëllege Spuerpakt".

Wann op europäeschem Niveau ee Gasnoutstand ausgeruff géif ginn, da wéilt een op obligatoresch Moossnamen ëmklammen. Dofir géif am Energieministère schonn un engem deementspriechende Règlement grand-ducal geschafft ginn, sot de Claude Turmes.

D'Regierung wëllt d'Leit also lues dorop virbereeden, och mat enger grénger Partei an der Regierung, bei där Energiespueren eigentlech an der DNA läit.

An d'Erklärung läit mat Sécherheet beim Kalenner: D'nächst Joer am Juni si Gemengewalen, am Oktober Chamberwalen, an datt de Claude Turmes seet, hie wéilt keng Spuerpolice, soll warscheinlech och heeschen, datt déi gréng keng Verbuetspartei wieren.

Dat ass nämlech eppes, wat déi gréng vu méi konservative Kräfte gär ugekräit kréien, an dat passt hinnen net, zemools well et déi Regierungspartei ass, déi am Moment an den Ëmfroen am mannste gutt ofschneit.

Ass dat net e bësse streng? Esou e Spuerplang muss jo och entworf ginn. Et ass jo net egal, wou ee spuert, well verschidde Mesurë kënnen och en Impakt op aner Entwécklungen hunn. Also brauch et och vläicht Zäit, fir esou e Plang an der Déift ze preparéieren?

Dat ass richteg, mee déifgräifend Mesure feele bis elo. De leschten Donneschdeg ass kee grousse Ruck duerch d'Land gaangen, wéi dee Plang der Ëffentlechkeet presentéiert gouf.

Oder war s du der schonn den Internetsite Energie-Spueren.lu ukucke fir ze wësse wat da lo op dech duerkënnt?

Nee...

An domat bass de wuel net den Eenzegen. Dobäi ass et och net sou, wéi wann den Energieminister Claude Turmes dat alles verschlof hätt. Hie war ee vun deenen, déi fréi gesot hunn, mir mussen Energie spueren.

Véier Wochen nom Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain sot hien hei um Radio, e puer Deeg méi spéit wier eng ganz wichteg Reunioun vun der Internationaler Energieagence, an do géif e Spuerplang decidéiert ginn: um Dësch louche Mesure wéi minus 10 km/h op den Autobunnen, Autofräi Sonndeger, dräi Deeg Télétravail d'Woch. Esou wéilt een d'Demande, an deemno och de Präis erof kréien.

Dat selwecht war och beim Gas ugeduecht, de Claude Turmes hat sech deemools vill vun där Reunioun erwaart - et hätt kéinten eng "weltwäit Beweegung" lassgetrëppelt ginn, sot den Energieminister am Mäerz bei eis op der Antenn.

Eng weltwäit Beweegung, se ass bis haut net do. An dat ass natierlech net dem Claude Turmes seng Schold.

An och wa Lëtzebuerg just e klenge Fleck um Globus ass, e fréien an determinéierte Spuerplang hei am Land hätt kënne Signalwierkung hunn.

Mee nee, et muss een oppassen, wat een de Leit zoumudde kann, sot de Claude Turmes selwer, an hien denkt dobäi sécher drun, datt mer an engem Virwaljoer sinn.

Schued, sot e Kolleeg d'lescht Woch bei eis an der Redaktioun no der Presentatioun vum Spuerplang. Schued, datt ee mat waarmer Loft net hëtze kann, well da wier d'Energiekris hei am Land déi nächst Méint keen Theema...