Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mat de Programmer an Inhalter konfrontéieren"

Chamberwahlen 2018

"Mat de Programmer an Inhalter konfrontéieren"

Den LSAP-President Claude Haagen an den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) kritiséieren, datt de Claude Wiseler (CSV) an de Xavier Bettel (DP) eng direkt Konfrontatioun am Wahlkampf géife vermeiden. Et hätt ee sech eng Table ronde tëschent de véier grousse Parteie gewënscht, fir iwwer Inhalter ze diskutéieren.

auto_stories

4 min

De Claude Haagen (LSAP) a François Bausch (déi gréng) si sech eens: Viru grousse Projete muss eng Käschten-Notzen-Analays gemaach ginn.

Den Ënnerscheed tëschent der LSAP an déi gréng géif een dann erkenne wann um Terrain Projete sollen ëmgesat ginn, seet den LSAP-President Claude Haagen. "Wa Projeten exekutéiert ginn, da sinn oft Konfrontatiounen tëscht der Exekutioun vun engem Projet an Ëmweltproblemer, déi mir wëlle vermeiden."

Et misst een da Kompensatioune maachen, notamment bei Zone industriellen. "Beim Wunnengsbau wäerte mir déi selwecht Konfrontatioun kréien." Hei wier et wichteg driwwer nozedenken, wéi een un déi Projeten erugeet, fir datt ee spéider net ausgebremst géif gi wéinst Saachen, déi ëmweltpolitesch net ze rechtfäerdege wieren, seet de Claude Haagen.

"Ganz sécher eng Differenz"

De François Bausch gesäit hei "ganz sécher" eng Differenz, "well mir am Contraire zu all anere Parteien Ëmweltnormen net als Schikan ugesinn, mee als Iwwwerliewensnoutwendegkeet". Wann et ëm Ëmweltnorme wéi proppert Waasser oder Loft géif goen, da géif et "ëm eis Gesondheet" goen, esou de François Bausch. Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister seet et géif een déi Normen net schafe fir aner Leit ze "pisaken", mee dat wier fir sech selwer ze schützen.

"Dat wier grad wéi wa mir am Soziale géife soe mir bräichte keen Aarbechtsrecht, mir kënnen de Mindestloun ofschafen." Wann een dat géif maache géife bestëmmt dausende Betriber wëllen op Lëtzebuerg kommen. "Ech sinn awer do dogéint", seet de François Bausch. De Claude Haagen stëmmt deem zou, an dofir wier et wichteg, datt d'LSAP do wier. Dat selwecht géif och am Ëmweltberäich gëllen, seet de François Bausch.

Käschten-Notzen-Analys

Déi gréng fuerderen an hirem Wahlprogramm eng Käschten-Notzen-Analyse virun ëffentlechen Investitiounen an Infrastrukturen. Fir de Claude Haagen ass et normal, datt esou eng Analys gemaach gëtt. "Ech denken, dat gëtt esouguer op Gemengenniveau gemaach, well wann ee Projeten exekutéiert, da soll ee ganz einfach déi Käschten-Notzung kucken." Et misst een analyséieren, wéi een Impakt dat fir d'Ëmwelt a fir d'Leit hätt. Hei géifen d'Mobilitéit an de Logement matspillen, an d'Dezentraliséierung vun de Verwaltungen. D'LSAP hätt dat net am Wahlprogramm stoen, mee "fir eis ass dat doten zwar normal", seet de Claude Haagen. "Mir sinn awer elo hei am 21. Joerhonnert."

De François Bausch hält deem entgéint: "Dat ass vläicht fir Iech normal. Ech erliewen awer hei an der Praxis, datt et nach laang net ëmmer gemaach gëtt." Déi aktuell Regierung hätt sech sou Käschten-Notzen-Analysen iwwer déi ekonomesch Entwécklung vu Betriber, déi een an de leschten 20 bis 30 Joer zu Lëtzebuerg ugesidelt hätt, zwar virgeholl, mee "dat hu mir leider net gemaach". Den Etienne Schneider hätt dat versprach, mee d'Regierung hätt et net hikritt. "Mee ech mengen, datt dat eng Kéier misst gemaach ginn", seet de François Bausch. Et kéint een e Choix nëmmen dann treffen, wann déi ekonomesch a sozial Weiderentwécklung eppes géif bréngen. Dofir misst e präzis kucken, wat den Impakt wier.

De Claude Haagen stëmmt deem zou. D'Rifikin-Etüd géif dorobber och agoen. "Do hu mir jo dat Instrument, wat mir wëlle benotzen." De François Bausch stéiert sech drun, datt nach ëmmer ze vill Decisioune geholl ginn, déi géint d'Rifkin-Etüd ginn.

Claude Wiseler a Xavier Bettel evitéiere Konfrontatioun

Datt den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler an den DP-Premier Xavier Bettel d'Konfrontatioun mam politesche Géigner evitéieren, kritiséiere béid Politiker. De gréngen Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister an de LSAP-Parteipresident hunn och der Press d'Schold ginn, datt dësen Debat bis elo net zustane komm ass. Allebéid hätten sech eng Ronn zu dräi oder véier gewënscht: CSV-DP-LSAP a Gréng.

D'LSAP géif eng Ausernanersetzung tëscht dem aktuelle Premier Xavier Bettel an dem Etienne Schneider fuerderen, seet de Claude Haagen. Den Etienne Schneider géif gäre Premier ginn, an de Claude Wiseler hätt deen Usproch och. "Ech huelen un den Här Bettel géif gär Premier bleiwen", och wann den DP-Spëtzekandidat sech als Vizepremier zefridde géif weisen. "Do stellen ech mir natierlech Froen." Et sollt een déi Leit och mat hire Programmer a mat hiren Iddie konfrontéieren, fuerdert de Claude Haagen.

De François Bausch ka sech net erklären, wisou datt déi aner Parteien eng Konfrontatioun géife vermeiden. Vläicht wier de Grond, datt déi aner Parteien en amerikanesche Wahlkampf wéilte maachen, amplaz sech enger inhaltlecher Konfrontatioun ze stellen. De François Bausch bedauert dat.

Fir déi grouss Table ronde um 100,7 haten de Xavier Bettel, de Claude Wiseler an den Etienne Schneider kuerzfristeg noeneen ofgesot.