Radioen

On air

Moiesstudio  |  Pascal Ricquier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ënnerschiddlech Meenunge wat de Strofmündegkeetsalter ugeet

Strofmündegkeet bei Mannerjäregen

Ënnerschiddlech Meenunge wat de Strofmündegkeetsalter ugeet

Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher huet der Regierung hir Decisioun, den Alter mat deem ee penal responsabel gëtt vu 14 op 13 Joer erofzesetzen, schaarf kritiséiert. D'Justizministesch Sam Tanson gëtt ze verstoen, datt si mat der Propose iwwer de Strofmündegkeetsalter enger Demande vun de Justiz-Autoritéiten nokomm ass.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Simone Flammang vum Parquet général ass der Meenung, datt et ee Feeler wier, Jugendlecher eréischt vu 14 Joer u penal responsabel ze maachen.

Strofmündegkeet erofsetzen

Méi jonk Täter kéinten dann net fir hir Doten ubelaangt ginn, an dat wier fir d'Affer vun deene Strofdote schwéier ze erdroen. Domat deelt d'Simone Flammang de kriteschen Avis vun der Justiz iwwer d'Jugendstrofrecht.

Bei der Justizministesch Sam Tanson ass een ënner anerem domat op oppen Ouere gestouss an entspriechend Amendementer goufe rezent virgeholl.

D'Justizministesch erkläert, datt fir Jonker mat 13 Joer souwisou ee Kapitel géif ugoen, an deem sech vill verännert. Et géif een an de Lycéeë kommen an et hätt een eng méi grouss Autonomie. Kloer ass fir d'Sam Tanson, datt jonk Täter, egal wéi al si sinn, eng spezifesch Prise en Charge misste kréien, déi och altersgerecht misst sinn.

D'Fro vun de Prisongsstrofen

Onofhängeg dovun ass dës Woch vill iwwer Prisongsstrofen, a virun allem deenen hire Sënn Rieds gaangen.

Den däitschen Expert a fréiere Prisongsdirekter Thomas Galli huet an e puer Interviewen dofir plaidéiert, verurteelt Täter nëmmen anzespären, wann si eng gréisser Gefor fir d'Allgemengheet duerstellen. Deemno kéinten eng ganz Rei Prisongen zougemaach ginn.

D'Sam Tanson deelt dës Analys, datt ee groussen Accent op d'Resozialiséierung mat Leit, déi stroffälleg gi sinn, misst gesat ginn. Et misst evitéiert ginn, datt déi Persounen nach eemol stroffälleg ginn an dat wier ausserhalb vun engem Prisong méi einfach.

Mat der Prisongsreform vun 2018 hätt een nach eng ganz Rei Alternativen zum Prisong valoriséiert, betount d'Sam Tanson nach. Ugefaange mat der Foussfessel. Gläichzäiteg géif probéiert ginn, d'Liewensqualitéit vun den Detenuen ze verbesseren.

Wat mat den Alternativen aus dem Strofgesetzbuch géif gemaach ginn, géif am Riichter senger Kompetenz leien.