Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Massentester: all d'Famillen aus dem Süde solle getest ginn

Corona-Pandemie

Massentester: all d'Famillen aus dem Süde solle getest ginn

Am Kanton Esch soll aus all Stot op d'mannst eng Persoun op de Coronavirus getest ginn, seet den Ulf Nehrbass. Eng 42.000 Awunner si concernéiert. Am Süde goufen a leschter Zäit méi Infektioune festgestallt.

auto_stories

2 min

Den Ulf Nehrbass ass Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health

Déi zweet Well vum Coronavirus war virun allem am Süde vum Land ze spieren. Dat ass kloer zanter d'Santé virun zwou Wochen eng Infektiouns-Kaart vum Land publizéiert huet. Fir ze verhënneren, datt de Virus sech nach weider an de Südgemenge verbreet, soll elo méi do getest ginn.

15.000 Tester d'Woch

Den Ulf Nehrbass, Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health (LIH) organiséiert d'Massentester fir d'Regierung. Hie schwätzt vu Clusteren, déi besonnesch am Süde vum Land sinn. Dofir géif een elo an de Gemengen aus dem Kanton Esch all d'Famillen uschreiwen a si fir en Test alueden.

"Das sind ungefähr 15.000 Tests pro Woche, die in dem Bereich gemacht werden. Es leben im Süden 140.000 Menschen in den betroffenen Gebieten, das sind umgerechnet 42.000 Haushalte."

Am Rescht vum Land géif ee weider breet testen, mee am Süde géif ee méi cibléiert déi verschidde Stéit usteieren, esou de Generaldirekter vum LIH. Ufanks leschter Woch wiere d'Invitatiounen un déi Stied schonn erausgaangen. Déi concernéiert Leit hätten elo dräi Wochen Zäit fir sech testen ze loossen.

Wéi kloer war, datt et a verschidde Secteuren ee méi héijen Infektiounstaux gëtt, wier decidéiert ginn och méi cibléiert ze testen. Als Beispill nennt den Ulf Nehrbass de Botz- an de Restauratiounssecteur.

Eng aner Strategie am August

Am August wäerten däitlech manner Covid-Tester hei am Land gemaach gi wéi bis elo, seet den Ulf Nehrbass. Well déi éischt Phas vun de Massentester elo eriwwer ass, kéinte pro Woch maximal 50.000 Tester gemaach ginn. Dat sinn der hallef esouvill wéi d'lescht Woch.

Am August wier villes anescht zu Lëtzebuerg, seet den Ulf Nehrbass. Bis ewell wier d'Strategie fir ze testen déi gewiescht fir sech op déi verschidden Aarbechtssecteuren an d'Schoulen ze konzentréieren. Elo wieren d'Schoulen awer zou an a villen Aarbechtssecteure géif den Ament net geschafft ginn.

Well och vill Leit am August an d'Vakanz ginn, misst een d'Teststragie deementspriechend upassen, esou den Ulf Nehrbass. Well Testcapacitéit am August méi kleng ass, géife wärend deem Mount och keng Frontalieren invitéiert gi fir bei de Massentester matzemaachen, esou den Ulf Nehrbass.