Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Masken, Buffen, Foularden a Schalen

Deconfinement

Masken, Buffen, Foularden a Schalen

Masken an aner Forme vu Mundschutz spillen an der Covid-19-Kris eng essentiell Roll beim Deconfinement an dem Wee zeréck an d'Normalitéit. Mee wéi geet ee richteg ëm mat Masken, Buffen, Schalen a Foularden? Mir hunn den Dokter Vic Arendt aus dem Service des Maladies Inféctieuses am CHL gefrot.

auto_stories

5 min

D'Mundschutzflicht zu Lëtzebuerg ass elo eng Woch laang a Kraaft a wäert och nach eng Zäit laang daueren, seet de Vic Arendt. Fir sech un de Mask ze gewinnen, wier fir d'Leit zu Lëtzebuerg vläicht méi schwéier wéi an asiatesche Länner. Ee wesentlechen Ënnerscheed wier, datt d'Leit hei méi individualistesch an e bësse manner disziplinéiert wieren, seet hien.

An eiser méi individualistescher Gesellschaft ass et fir verschidde Leit och vläicht méi schwiereg ze verstoen, wat den Haaptzweck ass vun engem Mask. De Vic Arendt erënnert drun, datt ee mam Mundschutz haaptsächlech déi aner Leit géif schützen.

"D'Leit musse verstoen, datt de Gros vun de Porteure vum Virus sech net bewosst sinn, datt si Porteur sinn. Well si deen Ament net symptomatesch sinn a vläicht och souguer ni symptomatesch waren, an trotzdeem kënnen de Virus iwwer eng oder e puer Wochen ausscheeden. Dat heescht, mam Mask schützt een haaptsächlech déi aner, an e bësse sech selwer."

Ass de Maskeschutz net streng genuch?

Dobäi hätt de Vic Arendt et besser fonnt, wann d'Mundschutzflicht hei am Land méi streng gereegelt wier. Si gëllt jo am ëffentlechen Transport an iwwerall do, wou déi zwee Meter Distanz net kann agehale ginn.

Mee eng Reegel géif awer besser funktionéieren, wa se manner Ausnamen hätt. "Dofir géif ech de Mask prinzipiell obligatoresch maachen, fir en esouvill wéi méiglech ëmmer unzehunn, wann een erausgeet", seet de Vic Arendt. Esou ee Mask wier och wierklech zimmlech effikass: wann all Porteur vum Virus an all net-infizéiert Persoun eng Mask unhätt, géif dat global de Risiko vun enger Transmissioun ëm gutt 90 Prozent reduzéieren.

D'Kommunikatioun vun der Regierung

E bëssen onglécklech wier dofir scho gewiescht, datt d'Regierung, am Ufank vun der Kris, nach kommunizéiert hat, Maske géifen näischt nëtzen. Am Ufank wier de Message gewiescht, datt d'Maske fir d'Fleegepersonal reservéiert wier, well net genuch Masken do ware, fir se u jiddwereen auszedeelen.

De Vic Arendt gëtt ënner anerem dëst konkreet Beispill, firwat et senger Meenung no besser wier, ëmmer e Mask unzedoen:

"Wann een op engem Trottoir ënnerwee ass, an et kënnt ee bei eng rout Luucht, an da steet een awer zu fënnef, sechs do ze waarden, datt et gréng gëtt. An da steet een och net op zwee Meter Distanz."

Mee wéi deet een e Mask richteg un?

De Vic Arendt erkläert, wéi een de Mask richteg undeet:

"De Mask muss d'Gesiicht gutt couvréieren. Dat heescht, et muss ee kucken, datt en iwwer d'Nues ass. Déi chirurgesch Masken, déi elo verdeelt goufen, do ass esou e Metall dran, dat kann een da widder d'Nues drécken, datt et gutt uläit, an och laanscht d'Bake gutt uläit. An dee Mask muss bis ënner de Kënn sinn, dat heescht, e muss wierklech d'Nues an de Mond gutt ofdecken an esou gutt wéi méiglech uleien. "

D'Regierung huet eng Gebrauchsuweisung erausginn, mee ganz kloer schéngt déi net ze sinn. Et gesäit ee Leit, déi de Mask falsch unhunn, mat där faarweger Säit no bannen zum Beispill, mee déi faarweg Säit vum Mask wier baussen ze droen, preziséiert de Vic Arendt.

Wärend een en unhuet, soll een de Mask am Beschten net upaken, a wann e rutscht, oder wann een de Mask ausdeet, soll een de Mask un de Lastiker upaken.

Alternativ Masken

Déi chirurgesch Masken, déi een net wäsche kann, kann ee maximal aacht Stonne laang undoen. Fir se ze entsuergen, steet an der Gebrauchsuweisung vun der Regierung just, datt een dat "uerdnungsgemäss" soll maachen. Wat dat genee heescht, steet net do.

Et läit wuel op der Hand, datt ee gebrauchte Masken, grad wéi Nuesschnappecher oder där fiichter Dichelcher, net dobausse soll ewechpuchen. An de Bëscher gesäit een awer zum Beispill relativ vill där Dichelcher, déi do "entsuergt" goufen. Fir d'Maske sollt ee se an der groer Poubelle entsuergen, déi Maske kéint een net recycléieren, seet de Vic Arendt.

"Mir sinn zu iwwer 600.000. Wann do jiddwereen all Dag eng nei Mask brauch, dat gëtt schnell vill Milliounen. Wéi ekologesch dat ass, kann ee sech dann och froen. Dofir: fir den normale Gebrauch wier et warscheinlech grad esou gutt, eng Serie vun dräi, véier Kottengs-Masken ze hunn, déi gutt uleien, an déi ze re-utiliséieren."

Mee Masken, déi ee méi wéi eemol ka gebrauchen, mussen och ëmmer nees gewäsch ginn - an zwar bei 60 Grad. Dozou preziséiert de Vic Arendt, datt dat déi offiziell Recommandatioun ass, mee de Virus wier ganz sensibel op Wäschmëttel.

Maske kann een och selwer maachen oder bitzen

Bei der Fro, wéi e Material am Beschte wier, seet de Vic Arendt, hie wier do eigentlech keen Expert. Mee Kotteng géif dacks genannt ginn op offizielle Sitten, wéi den amerikanesche Centres for Disease Control and Prevention. Do gëtt et Rotschléi, wéi ee sech Masken an aner Forme vu Mundschutz selwer ka maachen.

Um Covid-19-Site vun der Lëtzebuerger Regierung gëtt et keng offiziell Instruktioune fir selwer gemaachte Masken, mee de Vic Arendt mengt, datt een e puer där Recommandatiounen op de Site vum Coronavirus kéint setzen, falls een awer net genuch Maske fir déi ganz Populatioun hätt. "Déi Maske si warscheinlech e bësse manner effikass wéi déi chirurgesch Masken, si sinn awer bestëmmt vill méi effikass wéi guer näischt."

Och Buffen, Schalen a Foularde kënnen als Mundschutz gebraucht ginn. Och déi soll een all Dag nom Gebrauch bei 60 Grad wäschen, betount de Vic Arendt. De Stoff misst déck genuch sinn, Buffe sollt een am Beschten duebel huelen. D'Effikassitéit vum Buff, Foulard oder Schal am Verglach zu de Maske kéint een net chiffréieren, well et do nach keng offiziell Wäerter gëtt.