Radioen

On air

Resonanzen  |  Léon Boëllmann - Zwee Stécker fir Cello a Piano, Op. 31, II. Menuet. Allegro - Trio Parnassus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Solovieff: "Et gouf keng Amëschung"

Kritik géint Minister

Martine Solovieff: "Et gouf keng Amëschung"

De François Bausch huet d'Justiz net beaflosst. Dat mengt d'Procureure générale d'État Martine Solovieff am 100,7-Interview. Datt de Mobilitéitsminister d'lescht Joer ee Bréif u si adresséiert hätt, wou hie sech erstaunt iwwer d'Virgoensweis vum Parquet géintiwwer Ponts et chaussées gewisen huet, wier "net verwonnerlech", esou d'Martine Solovieff. De Minister hätt als "Responsable civil" agéiert.

auto_stories

3 min

D'Procureure générale d'État Martine Solovieff seet, si hätt reagéiert, wann et eng Amëschung ginn hätt. Foto: Archiv

Dat eenzegt, wat een dem François Bausch virgeheie kéint, wier, datt hien hir de Bréif net iwwer de Justizminister zoukomme gelooss hätt, esou d'Martine Solovieff. Dat wier nämlech den normale Werdegang, mee dat wier eng reng Formsaach.

Martine Solovieff: "Ech hätt reagéiert, wann et eng Amëschung ginn hätt"

Déi Form wier hei wuel net agehale ginn. "De Bréif, deen ech zeréckgeschriwwen hunn, do hunn ech mech un d'Form gehalen", seet d'Procureure générale d'État. Dëse Bréif hätt si nämlech un de Justizminister Félix Braz geschéckt.

Wa si der Meenung gewiescht wier, datt de Minister sech hätt wëllen an d'Justiz amëschen, dann hätt si deementspriechend reagéiert, betount d'Martine Solovieff. Fir si hätt et keng Amëschung vum Minister ginn. Si wier Pragmatikerin, esou d'Procureure générale d'État.

Stefan Braum: "Et gouf keng Amëschung"

Och de Jurist Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg mengt, datt de Mobilitéitsminister François Bausch sech duerch säi Bréif net an d'Justiz agemëscht hätt. Et kéint ee senger Meenung no just vun Amëschung schwätzen, wann d'Justiz sech ënner Drock gesat an obligéiert géif fille fir eng bestëmmten Entscheedung treffen ze mussen.

Am Lëtzebuergesche Strofrecht géif de Begrëff vun der Amëschung och an e puer Artikelen optauchen. Deemno géif een zum Beispill vun Amëschung schwätzen, wann een d'Exekutioun vun engem Gesetz ausser Kraaft setzen oder doriwwer nodenke géif.

D'Formuléierung vum Minister, datt hien erstaunt iwwer d'Virgoensweis vum Parquet wier, géif dat net hierginn, esou de Stefan Braum. D'Verhalen hätt senger Meenung no dofir keng juristesch Suitten, mee et wier politesch net intelligent gewiescht, mee deplacéiert och net.

Juriste si sech net eens

De Jurist Luc Heuschling ass do anerer Meenung. Datt de François Bausch an net de Justizminister sech un d'Procureure générale d'État adresséiert, hätt wier eng Violatioun vum Artikel 19 vum Code de procédure pénale.

An engem Communiqué huet de Mobilitéitsminister elo selwer reagéiert. Do dréckt de François Bausch säin absolute Respekt fir d'Séparation des pouvoirs aus.


Detailer mam Françoise Keller:

Lauschterenplay_arrow

De Jurist Stefan Braum:

Lauschterenplay_arrow

De ganzen Interview mat der Procureure générale d'État Martine Solovieff:

Lauschterenplay_arrow