Radioen

On air

Al Schanken  |  Russell, Calvin - All We Got Is Rock 'n' Roll

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Hansen: "Ech weess et net"

Kannerbetreiung

Martine Hansen: "Ech weess et net"

D'Co-Fraktiounspresidentin vun der CSV fuerdert eng Evaluatioun vun der gratis Kannerbetreiung. Et wier net kloer, ob d'Kanner wéinst der Gratuitéit méi laang an d'Crèche oder Maison Relais ginn.

auto_stories

3 min

D'CSV fuerdert eng Analys mat konkreten Zuele fir den Impakt vun der gratis Kannerbetreiung ze evaluéieren. Et wier net kloer, ob d'Kanner wéinst der gratis Betreiung méi laang an d'Crèche oder Maison Relais ginn, sot d'Martine Hansen de Moien am 100,7-Interview. D'Co-Fraktiounscheffin vun der CSV huet domat rezent Aussoe relativéiert.

"Konditionéiert" Elteren

An engem Meenungsbäitrag am Lëtzebuerger Wort hat d'Martine Hansen geschriwwen, Gratuitéit vu Kannerbetreiung d'Eltere géif "konditionéieren" fir manner Responsabilitéit bei der Erzéiung vun hire Kanner ze iwwerhuelen. Den Eltere géif hiert Veranwtortungsgefill "oferzunn" ginn. Dorobber ugeschwat, seet d'Martine Hansen:

"Heiansdo muss ee sech bëssi méi krass ausdrécken, fir datt et och hänke bleift. Et ass fir eis ebe wichteg, datt mir den Eltere soen: 'Eltere-Sinn ass eng extrem grouss Verantwortung'."

Zur Fro, ob si Zuelen hätt, déi hir Thees ënnermaueren, seet d'CSV-Politikerin:

"Ech hunn dat zitéiert, wat an den Zeitunge steet. Ech ka jo net soen, d'Kanner bleiwen ëmmer méi laang do, well ech weess et net. An dowéinst hätt ech dat gär schwaarz op wäiss. Den Undeel vun de Kanner bis zu engem Joer huet ofgeholl. Dat ass vun un, datt de Congé parental agefouert ginn ass, an dat hu mir jo och begréisst. Mir hu souguer gefuerdert, datt deen nach méi misst flexibiliséiert ginn. Also déi Mesure hat schonn eppes gehollef. Da muss ech natierlech kucken, wéi eng Mesurë kann ech nach ergräifen, fir datt d'Leit nach méi Zäit kréien."

Wéi eng zousätzlech Mesuren d'CSV konkret envisagéiert, konnt d'Martine Hansen net beäntwerten. Onkloer bleift also, ob d'CSV also zum Beispill nees d'Elteregeld wéilt aféieren, wat 2015 ofgeschafe gouf.

Méi Choix fir jiddereen?

D'Fro stellt sech och, ob zum Beispill Leit mat klengem Akommes duerch esou eng Bourse wierklech méi Choix hunn, fir manner ze schaffen. D'Co-Fraktiounscheffin äntwert dorop: "Dofir hunn ech jo gesot, datt mir op der anerer Säit musse fir d'Qualitéit [vun de Betreiungsstrukturen] musse suergen."

Datt Famillje vum Staat sou vill Ënnerstëtzung kréien, fir komplett op Crèche a Maison Relais kënnen ze verzichten, wier net realistesch, esou nach d'Martine Hansen. Och dowéinst wier egal wéi eng Verbesserung vun der Qualitéit néideg.

Méi Choix, méi Qualitéit, méi Käschten

D'CSV fuerdert ee bessere Betreiuungsschlëssel an de Crèchen a Maison Relaisen, an eng besser Evaluatioun vun der Qualitéit vun der Betreiung. Méi Choix a méi Qualitéit, dat kascht. Ass den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden mat der Iddi averstanen, datt de Staat nach méi fir d'Kannerbetreiung ausgëtt? Ëmmerhin hat de Luc Frieden 2010 proposéiert, fir de Congé parental vu sechs op véier Méint ze kierzen, fir 20 Milliounen Euro ze spueren. Dat wier haut keen Thema méi, verséchert d'Martine Hansen:

"De Luc Frieden ass hei bereet. Déi Diskussiounen hu mir och scho mat him gefouert."

An eventuell misst ee fir d'Käschten ze droen déi deelweis Gratuitéit vun der Betreiung an de Crèchen a Maison Relaisen nees ofschafen. Dës kéint een dann duerch eng sozial gestaffelt finanziell Bedeelegung vun den Elteren ersetzen, esou d'Martine Hansen.