Demissioun Martine Deprez net méi Presidentin vun der UGDA
D'Martine Deprez steet net méi als Presidentin vun der UGDA zur Verfügung. Hiert Mandat wier eigentlech nach bis 2020 gelaf. Um nächste Kongress, Enn Januar wäert si sech aus dem Verwaltungsrot vun der Union Grand-Duc Adolphe, dem Daachverband vun de Museksgesellschaften an Theaterveräiner, zeréckzéien. Dat confirméiert d'Martine Deprez dem radio 100,7 op Nofro hin.
Si géif sech aus perséinleche Grënn zeréckzéien. Et wier mat der Zäit ëmmer méi schwiereg ginn, d'Funktioun vun der UGDA-Presidentin mat hiren zwou aneren Aufgaben - Mathés-Proff a Member vum Staatsrot - ënner een Hutt ze bréngen. Wéi si 2015 d'Amt iwwerholl huet, war d'UGDA an enger schwiereger Zäit gewiescht. Zesummen hätt een "dat Schëff awer a roueg Gewässer kritt." "A wien d'politesch Aktualitéit an och d'Schoulwiese verfollegt, weess, datt déi zwou Tâchen an deene leschten dräi Joer net méi einfach gi sinn", sou d'Martine Deprez. Mat der Martine Deprez zitt sech iwwregens och de Romain Osweiler aus dem Verwaltungsrot zeréck - aus ähnleche Grënn. Et sinn also zwee Posten nei ze besetzen an deem Gremium. Bis Januar 2020 gëtt d'Federatioun vum Gilbert Girsch, engem vun den zwee Vize-Presidente vun der UGDA, geleet.