Am CSV-Nationalcomité gouf haut festgehalen, datt d'Kandidature bis den 9. Januar kënnen agereecht ginn. D'Decisioune falen um Nationalkongress de 26. Januar 2019. Zwee Deeg no de Chamberwahlen hat d'Parteispëtzt jo intern den Optrag kritt, op hire Posten ze bleiwe bis déi nei Regierung steet.
Interessi um Poste vum Fraktiounspresident?
Ob hie selwer nach eng Kéier fir den CSV-President wëllt kandidéieren, oder ob hien eventuell un engem anere Posten interesséiert ass, wëllt de Marc Spautz nach net soen. Eréischt wann déi nei Regierung bis steet, wéilt hie sech dozou äusseren, esou de Marc Spautz. Zanter Ufank 2014 ass hien CSV-President.
Wann hie säi perséinlecht Wahlresultat géif kucken, géif hien awer feststellen, datt hien den Éischtgewielte vun der CSV am Süde wier:
"[...] sou datt ech och do vun de Wieler een Optrag kritt hunn, an ech sinn och gewinnt, déi Opträg auszefëllen, souwuel déi vum Wieler, wéi och déi vun de Parteimilitanten. A wann d'Partei Aufgaben u mech erundréit, hunn ech mech nach ni gescheit, déi Aufgaben och wouer ze huelen."
Souwuel fir de Poste vum Parteipresident, wéi dee vum Fraktiounschef géif een net onbedéngt de Fanger ausstrecken, do géif een och drop waarden, wat d'Kolleegen un een erundroen, esou de Marc Spautz op d'Fro, ob hien interesséiert ass, de Poste vum Fraktiounschef ze iwwerhuelen.
"Dir wësst et, ech war eng Kéier Fraktiounschef. An dofir weess ech genee, wat op een zoukënnt. An et muss een dann och wëssen, ob d'Kolleegen hanner engem stinn. Ech mengen, datt d'CSV dat wäert fannen, an ech fannen, datt mir ganz vill gutt Kolleegen hunn, déi capabel si fir de Poste vum Fraktiounschef auszeüben."
Am CSV-Nationalcomité gouf de Sonndeg festgehalen, datt d'Kandidature bis den 9. Januar kënnen agereecht ginn. D'Decisioune falen um Nationalkongress de 26. Januar 2019 zu Mutfert.
"Laangwiereg Koalitiounsverhandlungen"
Den CSV-Parteipresident weist sech iwwerrascht, iwwer déi "laangwiereg Koalitiounsverhandlungen". "Et si jo keng nei Partner, déi sech do gesinn, mee dräi Parteien, déi schonn déi lescht fënnef Joer zesummegeschafft hunn", seet de Marc Spautz.
Datt déi nei Regierung an de Koalitiounsaccord eréischt ronderëm de 6. Dezember solle stoen, géif dem CSV-President no weisen, datt et bei de Verhandlungen a verschiddenen Dossieren "ganz grouss Problemer" tëschent DP, LSAP an déi gréng géife ginn.
An der Vergaangenheet wieren d'Koalitiounsgespréicher méi séier ofgeschloss, wann d'Regierungsmemberen net geännert hätten, seet de Marc Spautz.
Conclusiounen aus Chamberwahlen d'nächst Joer
Nom Verloscht vun zwee Sëtzer bei de Chamberwahlen de 14. Oktober, soll den neien CSV-Nationalcomité Ufank vum nächste Joer Conclusiounen zéien: dat huet de Parteipresident Marc Spautz haut am 100,7-Interview ugekënnegt. Nach géif d'Analys vun de Wahlresultater lafen.
Hoffnung op gutt Resultat bei den Europawahlen
De Marc Spautz schwätzt vun enger Opbrochstëmmung an der Sitzung haut vum CSV-Nationalcomité, och wann et nach ëmmer keng grouss Freed iwwer d'Wahlresultat vum 14. Oktober géif ginn. Hien hofft op e gutt CSV-Resultat bei den Europawahlen am Mee 2019, als Fundament fir déi nächst fënnef Joer.
Am CSV-Nationalcomité gouf och déi Kommissioun agesat, déi sech ëm d'Lëscht fir d'Europawahlen Enn Mee d'nächst Joer këmmert. Direkt nom Nationalkongress a knapp zwee Méint soll den neien CSV-Nationalcomité "Neel mat Käpp" maachen, an déi sechs Kandidaten eraussichen, déi duerno nach vum Conseil national mussen ofgeseent ginn.
De Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler vun 18 Auer: