Radioen

On air

De Moien  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Goergen stellt Koordinator-Posten zur Dispositioun

Personell Ännerungen an der Piratepartei

Marc Goergen stellt Koordinator-Posten zur Dispositioun

An der Piratepartei kënnege sech personell Ännerungen un. 100,7-Informatiounen no huet den Deputéierte Marc Goergen senge Parteikolleegen offréiert no den Europawahle säi Posten als Koordinator opzeginn.

auto_stories

1 min

De Marc Goergen ass Chamberdeputéierte fir d'Piratepartei

Dee Virschlag huet hie scho virun engem Mount schrëftlech gemaach, no internen Divergenzen iwwer déi intern Kommunikatioun an Organisatioun. Mat sengem Virschlag wéilt hie "Rou erakréien", hat hien Enn Abrëll geschriwwen.

Op Nofro hin huet de Marc Goergen eis gëschter Owend confirméiert, datt hien de Posten als Koordinator am Léifste lass wier, et wier awer nach keen Ersatz en vue. Parteivertrieder halen et fir méiglech, datt no den Europawahlen en ausseruerdentleche Kongress aberuff gëtt. Et misst souwisou och en ausseruerdentleche Kongress organiséiert gi fir dat intern Schiidsgeriicht nei ze besetzen, esou den Deputéierte Sven Clement.

Et wier net nei, datt et bei de Piraten zanter 2015 zwee ënnerschiddlech Lager ginn. Dat géif vill Energie kaschten, seet de Marc Goergen iwwer säi Virschlag fir de Koordinator-Posten opzeginn. Allerdéngs wéilt hie seng Kolleegen och net am Ree stoe loossen.

De Marc Goergen war virun dräi Méint als Koordinator confirméiert ginn. Bis dohin hat déi Funktioun den Titel Generalsekretär.

Déi verschidde Lager bei de Piraten hu sech d'lescht Woch bei reporter.lu an dono an anere Medien ëffentlech géigesäiteg kritiséiert.