Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marc Angel als Vizepresident vum Europaparlament gewielt

Europaparlament

Marc Angel als Vizepresident vum Europaparlament gewielt

Am Europaparlament gouf de Lëtzebuerger LSAP-Politiker Marc Angel als ee vu 14 Vizepresidente gewielt. Hien iwwerhëlt domat de Poste vun der griichescher Europadeputéiert Eva Kaili, déi e wéinst Korruptiounsverdacht ofgeholl krut. De Marc Angel gouf am zweeten Tour mat 307 vu 645 Stëmme gewielt. Déi franséisch Gréng Gwendoline Delbos-Corfield koum mat 98 Stëmme just op déi drëtte Plaz. Si gouf vun der Analisa Tardino vun der rietsextreemer Lega iwwerholl, déi op 185 Stëmme koum.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Datt zwee Tier néideg ware fir ze gewannen, weist, datt sech net jidderee vun deenen dräi grousse Fraktiounen, der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberalen un een Accord gehalen huet, deen et iwwert d'Verdeele vun de Vize-Posten am Parlament gëtt.

De Marc Angel weist sech an enger éischter Reaktioun frou iwwer seng Victoire. "Ech weess, datt ech eng grouss Responsabilitéit hunn", sou den LSAP Europadeputéierte kuerz vom Vote.

C. Hansen: Wichteg fir den EU-Standuert Lëtzebuerg

De Christophe Hansen ass Questeur am Parlament an domatt genee ewéi déi 14 Vizepresident-innen am Bureau, dem ieweschten Organ, vertrueden. Hie begréisst, datt do elo zwee Lëtzebeurger dra sinn.

"Dat ass ganz wichteg notamment fir de Standuert Letzebuerg, well ee vun de Lieu de travail ass Letzebuerg an do gëtt awer ganz dacks dru gewerkelt fir do ofzebauen. An dat kënne mer, mengen ech, zu zwee besser verteidegen, wéi wann ech dat just aleng machen."

C. Goerens gesäit weider Virdeeler fir Lëtzebuerg

Dat hätt, sou den DP-Europadeputéierte Charel Goerens och Avantagë fir déi aner fënnef Lëtzebeurger Europadeputéiert. Hie versprécht sech elo e méi "rapiden Accès zu Informatiounen" aus dem Presidium.

Déi sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert hu bis op d'Tilly Metz, déi hir Parteikolleegin ënnerstëtzt huet, alleguerte fir hire Compatriot gestëmmt.