Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mannerjäreger dierfen net op Schraasseg kommen"

Jugendschutz

"Mannerjäreger dierfen net op Schraasseg kommen"

Mannerjäreger an Erwuessener dierfen net zesummen an engem Prisong setzen, seet déi nei Justizministesch.

auto_stories

2 min

D'Justizministesch Sam Tanson wëllt verhënneren, datt Jugendlecher op Schraasseg kommen

D'Sam Tanson seet, si hätt eng kloer Meenung zu dem Sujet an dofir wier et hir ganz wichteg, datt an dem neie Jugendschutzgesetz festgeschriwwe gëtt, datt keng Mannerjäreger méi op Schraasseg kommen. Dat géifen och all international Recommandatioune soen. Dat Gesetz soll bannent de nächsten zwee Joer ausgeschafft ginn:

"Ech si mer awer bewosst, datt mer zu Lëtzebuerg eng Réi praktesch Problemer musse léisen, fir hypothetesch Fäll, déi kéinten optrieden. Dat wäerte mer maachen. Mee fir mech ass et ganz wichteg, datt mer festhalen, datt Mannerjäreger net kennen op Schraasseg kommen."

D'Zukunft vun der grénger Partei

Déi gréng Politikerin huet de Justizministère virun zwee Méint vum schwéierkranke Félix Braz iwwerholl. Duerch den Doud vum Camillle Gira an d'Affär ronderëm de Roberto Traversini hunn déi gréng a leschter Zäit nach zwee aner Politiker verluer.

Kann Sam Tanson sech also virstellen en Vue vun de nächste Wahlen eng Féierungsroll an der Partei ze iwwerhuelen? Fir d'Sam Tanson géif et net drëm goen, datt eng Persoun d'Partei iwwerhëlt. "Ech sinn der Meenung, datt déi gréng Partei virun allem keng Persounekult-Partei ass." D'Stäerkt vun der Partei wier et ëmmer gewiescht, datt een als Equipe fonctionnéiert hätt, "an datt mer eng Villfalt vu Leit hate mat ënnerschiddleche Kompetenzen, déi do ware fir d'Partei no vir ze bréngen."