Jugendschutz Mannerjäreger zu Schraasseg

Dräi Jonker ënner 18 Joer souzen de leschte Freideg am Prisong. Dat huet de Justizministère op eis Nofro hi confirméiert. Am Prinzip géifen déi Mannerjäreg zënter dem November schrëttweis an d'Unité de sécurité op Dräibur goen: Eng Unitéit, déi de Moment komplett operationell gemaacht géif ginn, heescht et vum Ministère.

Serge Kesseler / cbi

Handschellen
Foto: Bigstock / jhandersen

Bis zur Ouverture vun der neier Sécherheetsunitéit UNISEC zu Dräibur am November d'lescht Joer, sinn déi Mannerjäreg, déi schwéier mam Gesetz a Konflikt gerode ginn, ëmmer zu Schraasseg agespaart ginn.

Am Joer 2015 waren an der Moyenne pro Dag 4,6 Mannerjäreger am Prisong zu Schraasseg: dat ass déi héchsten Zuel aus de leschte sechs Joer. Den niddregsten Duerchschnëtt an deem Zäitraum gouf et 2017, mat 1,7 Mannerjärege pro Dag zu Schraasseg.

D'Fro ob och an Zukunft nach Mannerjäreger a "raren a begrënnten Ausnamefäll" op Schraasseg kommen, soll dem Justizministère no am Kader vun der Reform vum Jugendschutzgesetz behandelt ginn. Den deementspriechende Gesetzprojet soll den nächste Mount an de Regierungsrot kommen.

Fënnef Plazen an der UNISEC beluecht

An der Sécherheetsunitéit fir mannerjäreg Stroftäter zu Dräibur, déi zënter dem November 2017 scho komplett operationell ass, sinn de Moment fënnef vun den am ganzen zwielef Platze besat, esou den Direkter Ralph Schroeder. All Transfert vun engem Jonke vu Schraasseg op Dräibur muss vum Jugendgeriicht decidéiert ginn.

D'Lëtzebuerger Land hat Ufank Februar geschriwwen, datt obwuel déi éischt Jugendlecher am November an de Sécherheetstrakt op Dräibur geplënnert sinn, nach ëmmer Mannerjäreger op Uerder vum Jugendgeriicht am Erwuesseneprisong zu Schraasseg agespaart sinn.


Lauschteren

Méi zum Thema

D'UNISEC zu Dräibur
Centre socio-éducatif

Véier Jugendlecher sinn aktuell an der zouener Sécherheetsunitéit zu Dräibur. D'Zil ass et, datt keng Mannerjäreg am Prisong fir Erwuessener agespaart ginn. Et ginn awer keng fest Critèrë fir e Placement.

Felix Braz
Prisong

Bis de Prisong fir Untersuchungshäftlingen 2022 opgeet, bleift Schraasseg iwwerbeluecht, seet de Justizminister Félix Braz. A soulaang feelt d'Plaz, fir Tensioune besser an de Grëff ze kréien.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen