Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Manner Tabuen - manner Verletzunge vu Mënscherechter"

Sexualitéit a geeschteg Behënnerung

"Manner Tabuen - manner Verletzunge vu Mënscherechter"

Et gi keng Ënnerscheeder an der Sexualitéit vu Leit ouni oder mat geeschteger Behënnerung. Dat seet d'Ute Thilgten Tauchhammer vun der LIGUE HMC. Mee an der Perceptioun vu Persoune mat enger geeschteger Behënnerung géif Sexualitéit dacks ausgeblent oder stigmatiséiert ginn. Wéi eng Erausfuerderunge si fir déi Betraffe mat der Thematik verbonnen? A wéi gi professionell Acteuren a Familljememberen un d'Komplexitéit an d'Sensibilitéit vum Sujet Sexualitéit bei Leit mat enger geeschteger Behënnerung erun?

auto_stories

7 min

Dat klassescht Viruerteel, iwwer d'Sexualitéit vun enger geeschteg behënnerter Persoun wier dat, vun engem deen éiweg un der Broscht vun der Mamm géif hänken. "Dee ganz symbiotesch ass", seet d'Ute Thiltgen Tauchhammer vun der Ligue HMC, eng Institutioun déi Persoune mat geeschteger Behënnerung zu Lëtzebuerg betreit. Anerer géifen dovun ausgoen, datt Persoune mat enger geeschteger Behënnerung eng méi staark ausgepräägte Sexualitéit hätten. Dat wier awer net de Fall. D'Sexualentwécklung wier d'selwecht fir Leit mat oder ouni geeschteg Behënnerung.

Der Ute Thiltgen Tauchhammer no géif et zwar mëttlerweil eng Bereetschaft an der Gesellschaft, fir d'Sexualitéit vu Leit mat enger geeschteger Behënnerung z'akzeptéieren, mee et wier een emotionalen a sensibele Beräich. Ugefaangen domat, datt ënner de Begrëff Sexualitéit verschidden Aspekter vun Intimitéit géife falen.

"Sexualitéit ass dat, wat mir draus maachen", seet d'Avodah Offit, eng amerikanesch Sexualtherapeutin. Leit mat enger geeschteger Behënnerung hätten ënnerschiddlech Opfaassunge vun Intimitéit. Där Meenung sinn de Marco Wotipka an d'Christiane Brasseur. Si sinn Eltere vu jeeweils enger Duechter mat Downsyndrom, nämlech vum Kyra a vum Pauline. "Déi eng wëllen hire sexuellen Act vollféiere bis an de leschten Detail. Fir déi aner ass d'Sexualitéit vläicht Händchen halen oder e Kuss ginn", seet de Marco Wotipka.

Sexualitéit: E Begrëff mat ville Bedeitungen

Ënner de Begrëff Sexualitéit falen nieft dem Geschlechtsverkéier och Zäertlechkeet, Sensualitéit oder Erotik, seet d'Ute Thiltgen Tauchhammer. Grad am Beräich vu geeschtege Behënnerunge wier et wichteg an der Fro vun der Sexualitéit de Bléck och op tëschemënschlech Verhalensweisen z'erweideren.

Dozou géif och Sympathie an Antipathie gehéieren, genee wéi Blécker, Gesten, Zouneigung a Kierperwahrnehmung. "Wou spieren ech wat? Wéi spieren ech et?". Dat alles wiere wichteg Niveauën, déi am Beräich vun der kognitiver Beanträchtegung ënnerstëtzt a gefërdert kéinte ginn.

Persoune mat Downsyndrom wieren dacks ganz oppen, seet d'Carol Mousel, Educatrice bei der Trisomie 21. Et wier dofir wichteg hinnen ze vermëttelen, hir Distanz ze halen, virun allem bei frieme Leit.

"Dat ass engersäits fir sech an d'Gesellschaft z'integréieren, ouni vläicht schif ugekuckt ze ginn. Anerersäits och fir hiren eegene Schutz. Besonnesch bei de Meedercher. Et gi leider ëmmer Leit, déi sou Saachen ausnotzen."

Thematiséierung an der Famill

Eenzel Famille vu Kanner mat geeschteger Behënnerung géifen d'Thema Sexualitéit ganz oppen ugoen, seet d'Nathalie Oberweis. Et géifen awer och Famillen, fir déi d'Thema Handicap "scho schwéier genuch" wier. D'Thema Sexualitéit géif d'Situatioun nach méi komplex maachen. "Verschidde Famillen hoffen, datt dat bëssen un hinne laanscht geet", mengt d'Chargée de direction fir d'sozio-pädagogescht Konzept bei Autisme Lëtzebuerg.

Dem Kyra an dem Pauline hir Eltere ginn d'Thema Sexualitéit ganz oppen un. Masturbatioun géif awer zum Deel eng Erausfuerderung duerstellen, seet de Marco Wotipka, dem Kyra säi Papp. Et misst een erklären, datt Masturbatioun näischt Schlechtes ass an datt et zu enger natierlecher Intimitéit géif gehéieren. "Mee dat ass net fir iergendwou ze maachen, wéi op enger Gare oder engem Kino. Mee dat ass an enger Intimitéit ze maachen, a senger Kummer."

Et wier dann och fir Familljememberen net ëmmer kloer, wéi wäit een eng Relatioun kéint encadréieren. Et géif net drëms goen opzepassen, "datt näischt passéiert". Déi Betraffe "solle jo hire Spaass hunn". Et wier awer wichteg, datt et "ee géigesäitege Spaass" ass, an dat wier bëssen de Problem, esou nach de Marco Wotipka.

Privatsphär respektéieren

Ronn all sechs Woche géif d'Trisomie 21 eng Disko fir déi Jonk organiséieren. Och Autisme Lëtzebuerg an d'APEMH organiséieren e puer Mol am Joer esou een Event. Et wier wichteg, datt d'Elteren net dobäi wieren, fir datt déi Jonk hir Privatsphär hätten, seet d'Carol Mousel. Wa relationel Schwieregkeete géifen optauchen, géif een déi op der Plaz klären.

Si erzielt, datt et e Problem kéint sinn, wann "deen ee méi un eppes interesséiert ass, wéi deen aneren". Fir deen ee wier et wichteg, sech dauernd am A ze hunn, fir deen aneren wier et wichteg, mat sengem Partner ze danzen. Ma déi Jonk sollten dat selwer aschätze kënnen an och probéieren, Kompromësser mam Partner ze fannen. "T'ass net, datt si mengen 'ech wëll dat', datt si dat alles dierfe maachen. Mee et berout ëmmer op Géigesäitegkeet."

Natierlech hätten Eltere vu Kanner mat geeschteger Behënnerung eng Flicht, fir hiert Wuel ze suergen, seet d'Ute Thiltgen Tauchhammer. Dat Kand, dat ee jonken Erwuessene gëtt an eng gewësse Sexualitéit entwéckelt, misst awer och ëmmer d'Recht hunn, fir och negativ Erfarungen ze maachen. D'Erausfuerderung fir d'Eltere wier et, fir déi Jonk ze begleeden a gläichzäiteg Informatiounen ze ginn, "d'Persoun mat enger Beanträchtegung do ofzehuelen, wou si steet, mat deem Besoin, dee si huet."

Erausfuerderunge fir Professioneller

Bannent dem Autismusspektrum, grad wéi bei anere geeschtege Behënnerungen, géifen et ënnerschiddlech Profiller gi mat jeeweils verschiddene Besoinen, seet d'Nathalie Oberweis. Fir d'Mataarbechter wier et net ëmmer ganz einfach, fir mat der Aart a Weis ëmzegoen, mat där Leit mat engem grave geeschtegen Handicap hir sexuell Besoinen ausdrécken. "Déi méi autonom Leit trieden un eis erun, soen eis, datt si op der Sich sinn, sief et no Partnerschaft, sief et no Frëndschaft. Sief et och, datt si sech wierklech ee Sexualpartner wënschen." Et wier fir déi Leit awer relativ komplizéiert, fir ee Partner ze fannen.

Partnersich wier dacks schwiereg

D'Thema Partnerschaft géif ënner anerem am Kader vun engem méigleche Kannerwonsch zur Sprooch kommen. Wéi zum Beispill beim Pauline. Déi jonk Fra vun 23 Joer huet d'Downsyndrom a géif sech ee Kand wënschen, erzielt hir Mamm, d'Christiane Brasseur. "Dann erkläert een, datt een dofir awer ee Partner muss hunn. An do ass et jo dann awer nach net bereet." Dem Pauline seng Äntwert wier dann zum Beispill: "Jo, dee kréien ech dann eng Kéier." D'Pauline wéisst awer, datt een dofir misst zu zwee sinn a sech och misst gär hunn. Si géifen dat Thema net evitéieren, esou nach d'Christiane Brasseur.

Vill Leit mat geeschteger Behënnerung géifen awer kee Partner fannen, seet sengersäits de Marco Wotipka. Aus enger Partie Gespréicher wier hie gewuer ginn, datt wann déi Betraffen hir Sexualitéit net ausliewe kéinten, de Risiko géif bestoen, datt si an eng Depressioun géife falen. A Psychologen a Psychiater wiere senger Meenung no hei am Land net fir dës Fäll geschoult ginn an déi Medikamenter, déi méiglecherweis géifen agesat ginn, wieren net bei Persoune mat geeschteger Behënnerung getest ginn.

Partnerschaft ass och ee vun dräi Schwéierpunkten, déi an Aarbechtsgruppen opgeschafft ginn, déi vun Infohandicap organiséiert ginn. Viséiert sinn allerdéngs net just geeschteg, mee och kierperlech behënnert Persounen. D'Nathalie Oberweis leet d'Grupp ronderëm d'Thema Partnervermëttlung, un deem ronn zéng Acteuren aus ënnerschiddlechen Institutiounen - dorënner eng Persoun mat enger Behënnerung - bedeelegt sinn.

Dräi Aarbechtsgruppe vun Infohandicap

D'Grupp wier bis elo zwee Mol zesumme komm, fir de Point ze maachen, wat schonn am Beräich vun der Partnervermëttlung existéiert. An Däitschland géif et zum Beispill d'Schatzkiste ginn, déi eng Vermëttlung an engem zouenen, protegéierte Kader géif ubidden. Fir Accès ze hunn, misst ee bei der Schatzkiste gemellt sinn, wou dat éischt Treffe stattfënnt. Eréischt dono kéint een Nummeren austauschen. Déi Responsabel wéissten deemno schonn, mat wiem déi Persoun ze dinn huet.

Nieft Partnerschaft ginn och sexuell Bildung a Sexualassistenz an de Gruppen adresséiert. An den Institutioune géif sech, wat d'Thema Sexualitéit betrëfft, vill beweegen, mengt d'Ute Thiltgen Tauchhammer vun der Ligue HMC. Et géifen an der nächster Zäit zum Beispill eng ganz Rei Sexualpedagoge mat hirem Studium fäerdeg ginn, vill wiere scho fäerdeg.

"Sexuell Kultur opbauen"

An der Ligue HMC géif ee momentan probéieren, fir eng sexuell Kultur opzebauen.

"Dat heescht, datt ee kuckt, fir Plazen ze schafen, wou d'Leit sech kéinte mateneen auserneesetzen. Fir Sexualitéit wierklech unzeschwätzen an net ze tabuiséieren. Wat mir manner tabuiséieren, wat et manner Mënscherechtsverletzunge wäerte ginn."

Eng sexuell Kultur an den Institutiounen an och d'Aarbechtsgruppen zum Thema Sexualitéit wieren nach an de Kannerschong, fënnt d'Nathalie Oberweis. Am Grousse Ganze géife sech déi professionell Acteuren an d'Familljemember méi een oppenen Ëmgang mam Thema Sexualitéit vu Mënsche mat enger Behënnerung, an der Famill, den Institutiounen an an der breeder Gesellschaft wënschen.