Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Staatsdefizit wéinst der Corona-Pandemie wéi erwaart

Staatsbudget 2022

Manner Staatsdefizit wéinst der Corona-Pandemie wéi erwaart

Trotz neien Ausgaben, déi d'Regierungskoalitioun vum nächste Joer u virgesäit, soll de Staatsdefizit déi nächst Jore méi séier ofhuele wéi nach viru sechs Méint erwaart. De Grond ass eng séier ekonomesch Reprise an der Suite vun der sanitärer Kris.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


An hirem Budgetsprojet fir d'Joer 2022 rechent d'Regierung mat engem ëffentlechen Defizit vun 0,2 Prozent vum PIB (-143 Milliounen Euro). Beim Zentralstaat (ouni den Iwwerschoss vun der Sécurité Sociale a vun de Gemengen) gëtt mat engem Defizit vun 1,23 Milliarden Euro gerechent (-1,7 Prozent vum PIB).

Déi ekonomesch Reprise ass staark an dofir sinn och d'Defiziter trotz ville staatlechen Corona-Hëllefen net sou grouss wéi nach viru Méint gefaart. Am Fréijoer ass d'Regierung fir d'Joer 2020 nach vun engem Defizit vun den ëffentleche Finanze vun 2,6 Milliarden Euro ausgaangen (-4,1 Prozent vum PIB). Am neie Budgetsprojet gëtt den ëffentlechen Defizit fir d'Joer 2020 nach op 2,27 Milliarden Euro chiffréiert (-3,5 Prozent vum PIB).

D'Erwaardunge fir 2022 wiere wäit besser wéi geduecht, esou de Finanzminister a senger Budgetsried. Besser géif awer net gutt heeschen, esou de Pierre Gramegna.

"Den Defizit [...] geet progressiv erof. Mee mir hunn haut de Sputt net fir Steiererliichterungen, mee et wier awer och verkéiert - absolut verkéiert - fir elo Steiererhéijunge virzegesinn."

Den DP-Politiker huet dofir plaidéiert, d'Defizitreduktioun op eng reegelméisseg Aart a Weis ze maachen. Géif een dat méi séier wëlle maachen, géif dat den Opschwong ofwiergen. De Staatsbudget fir 2022 wier deemno "de sécheren, räsonabelen an den nohaltege Wee".

CO2-Steier geet wéi annoncéiert an d'Luucht

Wat d'Recetten ugeet huet de Minister erkläert, datt manner Accisen era kommen: duerch d'CO2-Steier géife manner Pëtrolsproduite verkaaft ginn.

Dës Steier soll viru klammen, huet de Pierre Gramegna confirméiert, an zwar ëm 5 Euro pro d'Tonn. De Brennstoff op der Tankstell soll deemno 1 Cent an d'Luucht klammen.

D'Regierung wëllt véier Milliarden Euro léinen

Déi ëffentlech Schold wäert 2022 bei 26,6 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung leien, esou d'Previsioun. Och déi Joren duerno soll d'Verschëldung ënner der Grenz vun 30 Prozent bleiwen.

An den nächste véier Joer misste warscheinlech véier Milliarden Euro geléint ginn, huet de Minister ugekënnegt. Domat wëllt d'Regierung 13,9 Milliarden Euro investéieren.

"An anere Wieder: mir finanzéieren nëmmen 30 Prozent mat Friemkapital a 70 Prozent mat lafende Recetten."

Eleng fir d'Joer 2022 sollen d'Investissementer op knapp 3,2 Milliarden Euro klammen.

Investitiounen an der Educatioun

Zwee Joer virun de Walen wëllt d'Regierung weider op Investissementer setzen. Wéi de Premier Xavier Bettel scho gëschter annoncéiert hat, sollen d'Maison Relaise fir d'Schoulkanner gratis ginn, an och d'Schoulkantinnen sollen zum Deel gratis ginn.

Lauschterenplay_arrow

D'Schoule sollen awer och zousätzlecht Personal kréien, esou de Pierre Gramegna: eng 1.000 Poste sollen an der Educatioun geschaaft ginn, "well et néideg ass".

Wunnengsbau a Mobilitéit

Donieft soll och méi staark an de Wunnengsbau investéiert ginn: d'Ausgabe fir d'Konstruktioun solle par Rapport zum Joer virdrun ëm 77 Prozent klammen.

An och fir den Ausbau vum Schinnenetz, a vun der digitaler Infrastruktur wäert d'Regierung weider Suen zur Verfügung stellen.

Weider 40 Millioune fir Impfstoffer

De Finanzminister huet awer och drop opmierksam gemaach, datt weider Depensen néideg sinn fir déi sanitär Kris ze iwwerwannen: fir d'nächst Joer huet d'Regierung 40 Milliounen Euro fir Impfstoffer virgesinn, well eng drëtt Impfung am Raum géif stoen.

De Pierre Gramegna huet an dem Kontext och nach e mol dozou opgeruff sech impfen ze loossen. Hien huet betount, méi en héijen Impftaux, géif och de Spillraum fir weider Investissementer méi grouss maachen.