Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - By This River

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Manner Iwwerdosissen a méi Kokain

Drogerapport vun 2022

Manner Iwwerdosissen a méi Kokain

D'lescht Joer goufen et manner déidlech Iwwerdosisse bei Drogenofhängegen. Dofir geet d'Zuel vun de Leit, déi Kokain huelen, erop. Dat sinn zwou Tendenzen aus dem RELIS-Rapport vun der Santé. Eng weider Tendenz ass, datt de Konsum vun Opiater, also Schmäerz- a Betäubungsmëttel, erofgeet. Och d'Zuel vu Leit, déi Substitutiouns-Traitementer ufroen, geet liicht zréck.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'Direktioun vun der Santé schätzt, datt hei am Land 2.160 Mënschen illegal Drogen huelen. Dat entsprécht fënnef Awunner op 1.000. Am Joer 2000 louch deen Taux nach bei 9 op 1.000 Awunner. Deemools hat Lëtzebuerg den héchsten Taux an der EU. Eng kloer Verbesserung also bannent de leschten 20 Joer. All dat geet aus dem RELIS-Rapport vun der Santé ervir.

Succès wéint der Drogepolitik?

Och d'Zuel un déidlechen Iwwerdosisse bei Drogenofhängegen ass erofgaangen. Vu 26 Doudesaffer am Joer 2000, op fënnef am Joer 2021. Eng Baisse gouf et och beim Konsum vun Opiater, also Schmäerz a Betäubungsmëttel.

Als Succès vun der Lëtzebuerger Drogepolitik wëll den nationalen Drogebeoptragten Alain Origer déi Entwécklung zwar net bewäerten. Ee Succès wier et just, wann ee keng Drogepolitik bräicht. Mee et géif een awer kloer gesinn, datt ee Bewosstsinn entstane wier, datt deenen Drogenofhängege muss gehollef ginn.

"Mir sinn nach ëmmer eent vun de minoritäre Länner an Europa an op der Welt, déi eng Salle de consommation supervisée hunn. An do gesäit ee schonn, datt säitdeem déi do sinn, et een Impakt op d'Iwwerdosisse ginn ass, well do ganz vill Leit konnte gerett ginn, respektiv geschoult ginn, datt se besser mam Risiko vun Drogen ëmginn."

Duerchschnëttsalter vun den Drogenofhängege geet erop

De RELIS-Rapport hält och fest, datt manner Droge gesprëtzt ginn. Bal 65 Prozent vun den Drogekonsumente géifen d'Substanzen an Tëscht inhaléieren. Virun zéng Joer waren dat nach nëmme knapp 37,5 Prozent. Doduerch geet de Risiko vun Iwwerdosissen an der Iwwerdroung vun infektiéise Krankheeten erof.

Kokain huet iwwerdeems den Heroin als meescht consomméiert Drog hei am Land ofgeléist. Duerch verschidde geopolitesche Grënn wier an de leschte fënnef Joer d'Offer enorm an d'Luucht gaangen, erkläert den Alain Origer.

"Mir hunn do definitiv eng Situatioun, wou de Marché praktesch iwwerschwemmt ginn ass mat Kokain, an datt souguer Konsumenten, déi Heroin consomméiert hunn, respektiv wollte kafen, datt déi eng Mëschunge kritt hunn, wou méi Kokain dra war wéi Heroin."

Den Duerchschnëttsalter vun den Drogenofhängegen hei am Land ass iwwer déi lescht 20 Joer iwwerdeems vun 28 op knapp 37 Joer eropgaangen. Dat léich ënnert anerem dorun, datt d'Prise en charge besser gi wier. D'Liewenserwaardung vun Drogenofhängege wier haut méi héich, sou den Alain Origer.

Et wier zwar och vill Preventiounsaarbecht geleescht ginn an de leschte Joren, sou datt sécherlech manner Jonker an de Milieu géife falen. Den nationalen Drogebeoptragte warnt an deem Kontext awer, datt haut eng vill méi breet Palett un Drogen disponibel wier, an datt Jonker méiglecherweis aner Substanze géife konsuméieren, duerch déi se manner fréi opfälleg géife ginn.