Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Gaskonsum fir méi Onofhängegkeet vu Russland

EU-Energieministeren

Manner Gaskonsum fir méi Onofhängegkeet vu Russland

An der EU soll d'Demande no Gas dëse Wanter ëm 15 Prozent reduzéiert ginn. D'Reduktioun ass fräiwëlleg an et gëtt eng Partie Exceptiounen. Fir den Energieminister Claude Turmes ass et deen eenzege Wee, fir dem russeschen Erpressungsversuch eppes entgéint ze setzen.

auto_stories

3 min

An der EU soll d'Demande no Gas dëse Wanter ëm 15 Prozent reduzéiert ginn. Foto: astrogor (Bigstock)

Lauschterenplay_arrow

De Plang, de Gaskonsum ëm 15 Prozent ze reduzéieren ass fräiwëlleg, et sief dann, et gëtt eng entspriechend Alert vun enger Majoritéit vun den EU-Memberlänner ausgeléist.

Zil ass et, d'EU op de Fall ze preparéieren, an deem kee Gas méi aus Russland geliwwert gëtt. Dozou seet den tschecheschen Energieminister Jozef Sikela:

"D'Decisioun war net einfach, mee um Enn huet jidderee verstanenen, datt dee Sacrifice néideg ass."

Als eenzegt Land huet Ungarn dem Plang net zougestëmmt.

No Protest goufen Derogatioune virgesinn

Nodeem eng Rei vun anere Memberlänner protestéiert haten, goufen iwwerdeem eng ganz Partie Exceptiounen an de Plang integréiert. Fir Länner, déi net mat de Gas-Reseaue vun anere Memberstaaten verbonne sinn, ass d'Reduktioun och am Noutfall net obligatoresch. Dat ass konkret fir Malta, Zypern an Irland de Fall.

Eng Derogatioun kënnen och Länner ufroen, deenen hire Stroum-Reseau net mat aneren europäesche Systemer synchroniséiert ass, an déi staark vu Gas fir d'Produktioun vu Stroum ofhänken.

Do dernieft sinn Ausname virgesinn, zum Beispill am Fall wou ee Land méi Gas gespäichert huet, wéi dat am EU-Plang virgesinn ass. Och den Asaz vu Gas als Matière première an der Produktioun vu Dünger- oder Fuddermëttele kann als Ausnam ugefrot ginn.

Trotzdeem schwätzt de Lëtzebuerger Energieminister vun engem historeschen Accord: "Et ass een neit EU-Gesetz, dat hu mer a nëmmen enger Woch fäerdeg bruecht."

Domat wier d'EU gutt opgestallt, fir dem Erpressungsversuch vum russesche President Wladimir Putin eppes entgéint ze setzen, dovun ass de grénge Politiker iwwerzeegt: "Wa mer net kollektiv zesummestinn, wäert de Putin eis auseneen dividéieren." Lëtzebuerg hätt iwwerdeems net Wëlles, vun enger vun den Derogatiounen ze profitéieren, preziséiert de Claude Turmes.

Keng Sanktioune virgesinn

Sanktioune si keng virgesinn, am Fall wou sech Länner net un de Plang halen. "Mir hunn haut net iwwer Sanktiounen geschwat. Mir wollten ee kloert Signal un de Kremlin schécken", sot dozou den Jozef Sikela.

Wichteg wier et, datt elo d'Länner alleguerte mussen ee Plang virleeën, mat Mesuren, déi dofir suergen, datt um Enn 15 Prozent manner Gas verbraucht gëtt, sou de Claude Turmes. Ausser Ungarn hätt sech all EU Land kloer dozou bekannt:

"Et gëtt ee politeschen Drock an deen ass zanter haut kristallkloer. 26 EU-Länner hu sech engagéiert."

Wierkung vu Mesure mussen nach genee chiffréiert ginn

D'Kommissioun huet allerdéngs an hire Previsioune missen e bëssen zeréckrudderen.

Och mat den Exceptioune géif een et duerch déi Mesuren, déi an de Memberlänner geholl ginn, fäerdeg bréngen ouni russesche Gas duerch een normale Wanter kommen, sot d'EU-Kommissärin Kadri Simson.

D'Kommissioun geet elo dovun aus, datt an der EU duerch deen neie Plang kéinten eng 30 Milliarde Kubikmeter Gas agespuert ginn. Virdrun hat d'Kommissioun ausgerechent, datt am Ganzen eng Reduktioun vu 45 Milliarde Kubikmeter Gas néideg wier, fir och an engem haarde Wanter an der EU iwwer d'Ronnen ze kommen, wa Russland de Gaskrunn zoudréint.

Lëtzebuerg schafft nationale Plang aus

An de Lëtzebuerger Plang, fir Gas anzespueren, solle Mesure fir déi ëffentlech Gebaier vum Staat a vun de Gemengen integréiert ginn. Et sollte méiglechst vill Acteuren aus der Industrie an dem Mëttelstand mat abezu ginn, sou de Claude Turmes. Genee ewéi d'Handwierker an d'Gas- a Stroumverkeefer.

Duerch den europäeschen Engagement fräiwëlleg 15 Prozent vum Gas-Konsum ze reduzéieren, kéint evitéiert ginn, "datt et zou enger Situatioun kënnt, wou ee per Gesetz een ofschalte muss", sou de Claude Turmes.