Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Chancëgläichheet wéinst Corona-Kris

Corona-Kris

Manner Chancëgläichheet wéinst Corona-Kris

Fraen kéinte vun der Kris, déi duerch d'Pandemie ausgeléist gouf, méi haart getraff gi wéi Männer. Am Confinement goufen d'Inegalitéiten verschäerft, esou Membere vun der Chancëgläichheets-Kommissioun am Europaparlament. Si fuerderen, datt d'Hëllefsmesuren, déi elo op d'Bee gesat ginn, dëser Entwécklung entgéint wierke mussen.

auto_stories

3 min

Och wa genee Analysen nach net virleien, kann een elo scho soen: Wat d'Chancëgläichheet ugeet, huet dës Kris d'Situatioun net besser gemaach.

"Et besteet keen Zweiwel drun, datt um gesondheetlechen, sozialen, ekonomeschen a Sécherheetsplang Fraen a Meedercher besonnesch haart getraff sinn. D'Kris mécht all d'Inegalitéiten, déi et souwisou scho gëtt, méi grouss", sot déi schweedesch Sozialdemokratin Helen Fritzon e Méindeg an der Sitzung vun der Chancëgläichheetskommissioun vum Europaparlament.

Dalli: Kommissioun amgaang Lektiounen ze zéien

Mat dobäi déi zoustänneg EU-Kommissärin Helena Dalli, déi dee Constat confirméiert:

"Fraen hunn dee gréissten Deel vun der Laascht gedroe fir d'Schoul a Crèche ze ersetzen a gläichzäiteg vun doheem ze schaffen. Si hunn och dee gréissten Deel vun der Aarbecht an de Spideeler, den Altersheimer oder un der Keess am Supermarché gemaach. Vill vun hinnen hunn eng haart Zäit hanneru sech. Dat mécht der Kommissioun Suergen a mir sinn amgaang eis Lektioun aus der Kris ze léieren, fir kënnen drop ze reagéieren."

Op alle Fall misst bei all den Hëllefsmesuren, déi elo an der Maach sinn, dës speziell Situatioun mat berücksichtegt ginn, esou eng vun de Fuerderunge vum Parlament. D'Revendicatioune sollen an engem spezielle Covid-19-Rapport festgehale ginn.

Istanbul-Konventioun: Sechs EU-Länner hunn nach net ratifizéiert

D'Kommissioun hat viru Kuerzem eng Chancëgläichheets-Strategie presentéiert. Dat war virun der Corona-Kris, elo géifen nodréiglech d'Konsequenze vun der Kris mat an de Plang ageschafft ginn, esou d'EU-Kommissärin.

Zougeholl huet wärend der Kris och d'Gewalt doheem. Schonn 2017 huet d'EU d'Konventioun vun Istanbul ënnerschriwwen, déi ënner anerem legal Mesuren op deem Gebitt virgesäit. Sechs Memberlänner hunn déi Konventioun awer nach ëmmer net ratifizéiert. Ufanks Mee hat sech eng Majoritéit vum ungaresche Parlament explizitt dogéint ausgeschwat.

D'Kommissioun reagéiert zeréckhalend. Mat deene Länner, déi d'Konventioun net ëmgesat hunn, géif een iwwer alternative Gesetzer schwätzen, esou d'Helena Dalli.

Do war et d'Fro vun der bayrescher Sozialdemokratin Maria Noichl un d'Kommissioun, wéi een dofir ka suergen, datt Länner, déi géint de Gläichsstellungsprinzip verstoussen, zur Rechenschaft kënne gezu ginn?

Datt permanent géint dës Reegele verstouss gëtt, weess och d'Kommissioun. Hir Moyenen dogéint virzegoe si beschränkt. Den Ablack gëtt dru geschafft d'Prozedur, déi soll dofir suergen, datt d'Rechtsstaatlechkeet muss agehale ginn, méi streng gemaach gëtt. Een Deel dovu misst och de Respekt vum Prinzip vun der Chancëgläichheet sinn, versprécht d'EU-Kommissärin Helena Dalli.

"Mir sinn nach net eraus aus der Kris, mir musse weider evaluéieren, et kënne sech nach vill Saache verännere wärend deem Prozess."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.