Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Budget, méi Klima- an Ëmweltschutz

Europäesch Agrarpolitik

Manner Budget, méi Klima- an Ëmweltschutz

Bis d'nächst Joer wëllt d'EU-Kommissioun hir Reformpläng fir d'Agrarpolitik no 2020 duerchbréngen. Doranner sinn ënner anerem massiv Budgetskierzunge virgesinn, iwwer déi dat grousst finanziellt Lach, dat duerch de Brexit wäert entstoen, zum Deel soll ausgeglach ginn. Weiderhi sinn och méi Oploen a Saache Klima- an Ëmweltschutz virgesinn.

auto_stories

3 min

D'Politique Agricole Commune post-2020, kuerz PAC, soll fir d'Joren 2021 bis 2027 gëllen. Doranner virgesinn ass eng budgetär Enveloppe vun 365 Milliarden Euro, géint 408,3 Milliarden an der Vergläichsperiod. Dat kënnt enger Baisse vun op d'mannst fënnef Prozent gläich, Aschätzunge vun Experten no iwwer d'Jore gerechent esouguer bis zu 20 Prozent.

D'Subventioune solle gekierzt a plafonnéiert ginn. Während kleng a mëttelgrouss Bauerebetriber méi Sue solle kréien, sinn et viraussiichtlech déi ganz grouss Betriber, déi massiv Abousse wäerte maachen. Lëtzebuerg wäert vun där Mesure éischter manner concernéiert sinn, mengt de President vun der Bauerenzentral Marc Fisch. Et géif zwar dacks gesot ginn, datt et grouss Betriber zu Lëtzebuerg géif ginn, mee déi wieren am Verglach awer kleng. Hie schléisst awer net aus, "datt awer vläicht deen een oder anere Betrib och hei zu Lëtzebuerg Problemer ka kréien", wann ee bis d'Detailer vun esou enger Regelung géif kucken.

Méi streng Oploen

Nieft de budgetäre Kierzunge sollen op der anerer Säit am Beräich vum Ëmwelt- a Klimaschutz méi streng Oploe festgesat ginn. Dat heescht manner Budget, dofir awer méi Ausgaben. Et géif ee fäerten, datt verschidde Bauerebetriber doduerch gréisser Akommesverloschter kéinte verzeechnen, sou de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen.

"Dobäi trëfft et besonnesch déi Betriber, déi sech elo scho ganz staark bei den Agrar-Ëmweltmoossnamen engagéieren, respektiv déi Regiounen - an dozou gehéiert Lëtzebuerg -, wou dës Programmer ee ganz wichtegen Deel vun den Ënnerstëtzungsmoossnamen ausmaachen. Dat ass also problematesch an dofir musse mir Léisunge fannen, datt déi Betriber déi eng nohalteg Landwirtschaft praktizéieren, hir Efforten och korrekt kënnen honoréiert kréien. Dës Efforte mussen net nëmmen eng Plus-value si fir d'Allgemengheet, mee och eng Plus-value fir d'Betriber."

EU-Memberlänner sollen Ëmweltschutz-Ziler selwer ëmsetzen

D'Ëmsetzung vun den Ëmweltschutz-Ziler sollen zukünfteg an den Hänn vun den eenzelen EU-Memberlänner leien. Op déi Manéier wéilt een hinnen eng gewësse Flexibilitéit accordéieren, sou den EU-Kommissär fir Landwirtschaft, Phil Hogan, am Interessi vun den Acteuren um Terrain. Et kéint een de Memberlänner doduerch erlaben, moossgeschneidert Léisungen ze sichen, fir d'Ziler a Saachen Ëmwelt- a Klimaschutz ze erreechen, déi fir dee lokalen Niveau besser gëeegent an ëmzesetze wier.

D'EU sollt net iwwer d'Breet vun engem Bam oder d'Lach an der Heck decidéieren, an ob de Bauer do schonn am Feeler ass oder net. De Phil Hogan weist sech optimistesch, datt vill vun deene Punkten, déi net néideg wieren, kéinten eliminéiert ginn.

Ping-Pong tëscht EU a Memberlänner

Ee ganz wichtege Punkt an de Reformpropose vun der EU-Kommissioun ass och dee vun der Simplification administrative. Zanter Jore scho géif d'Politik iwwer eng Vereinfachung vun den administrative Prozeduren an der Landwirtschaft diskutéieren, mee beim Bauer selwer kéim am Endeffekt näischt un, seet de Laurent Frantz, Vizepresident vun der Bauerenallianz.

"D'bürokratesch Konfrontatioun oder d'Aufgaben, déi en huet, déi ginn ëmmer méi an ëmmer méi, wat och net ëmmer grad fir d'Moral am Beruffsstand ganz gutt ass. Mee eigentlech déi Äntwerten, déi ech do op meng Froe vum Kommissär kritt hunn, waren och net ganz zefriddestellend. De Kommissär seet, si géife vill maache fir d'Simplificatioun, mee wann et da präzis gëtt, da schiebt hien alles op d'Aufgab vun de Memberlänner of. Schwätzt ee mat de Memberlänner, "dat sinn d'Virgabe vu Bréissel", dat ass bësse sou e Ping-Pong, deen een ëmmer kritt, wat eigentlech relativ enttäuschend ass."

Do géif et nach Klärungsbedarf, mengt och de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen. Fir den Ament wier nämlech nach net aus de Propose vun der Kommissioun erauszeliesen, ob bei der administrativer Vereinfachung genuch wäert gemaach ginn.