Radioen

On air

Notturno  |  Rozi Plain - Help

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manktem un Doktere gëtt a 5 bis 10 Joer akut

AMMD

Manktem un Doktere gëtt a 5 bis 10 Joer akut

Den Dr. Alain Schmit, President vun der AMMD, fäert, datt et an Zukunft un Doktere feele kéint. Et wier een ëmmer méi op auslännesch Dokteren ugewisen, et wéilt een awer just déi Bescht op Lëtzebuerg huelen.

auto_stories

2 min

Den Dr. Alain Schmit ass President vun der AMMD

A fënnef bis zéng Joer kéint et en akute Manktem un Dokteren hei am Land ginn, seet de President vun der Doktesch-Associatioun AMMD. Ee Grond dofir wieren déi schlecht Aarbechtskonditiounen an de Spideeler.

"Wësst der: Wann der wëllt ufänke mat schaffen, da wëllt der schaffen. A wann der da gesot kritt, Dir hutt keng Méiglechkeeten ausser sonndes, oder spéit owes, oder nuets - dat ass fir e Chirurg sécher net immens attraktiv. An dofir brauche mer déi Soupape, wou een onkomplizéiert nei Weeër ka goen. Wou nei Aart a Weise fir Behandlungen ze maache ganz liicht kënnen organiséiert ginn. An dat geet leider an deene schwéiere Strukture vun de Spideeler haut net."

Nëmmen déi bescht Dokteren ulackelen

D'Doktere wieren an de Spideeler mat erdréckenden Dokumentatiounen a Prozedure geplot. Donieft géifen och d'Déngschtstonnen, déi an de Spideeler musse geleescht ginn, den Doktere vill ofverlaangen.

Et wier een ëmmer méi op auslännesch Dokteren ugewisen, déi ganz genee kucke géifen, wat hinnen ugebuede gëtt. "An haut ass et net méi méiglech fir nach gutt auslännesch Dokteren erun ze kréien."

D'Zil wier et net fir "iergendwellech Dokteren" an d'Land ze kréien, mee et hätt ee gären déi Bescht. "An déi Bescht, déi kommen nëmmen, wa mir als Land e Gesondheetssystem hikréien, dee besser ass, wéi dat, wat an eisen Nopeschlänner am Moment gemaach gëtt.", esou den Alain Schmit.

Fir Dokteren op Lëtzebuerg ze lackelen, proposéiert d'AMMD fir parallel Strukturen zu den aktuelle Spideeler ze kreéieren, wou eng méi ambulant Medezin offréiert géif ginn: "D'Strukturen, déi méi flexibel sinn, wéi dat wat mer haut an de Spideeler kennen. Wou d'Patienten e besseren Accès dozou kréien, a wou Dokteren hire Beruff nees kënnen ausféieren, sou wéi dat de medezinesche Fortschrëtt gebitt."