Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mandat am Gemengerot: Wunnsëtz an der Gemeng ass Konditioun

Lokalpolitik

Mandat am Gemengerot: Wunnsëtz an der Gemeng ass Konditioun

Wien ee Mandat am Gemengerot huet, muss och där Gemeng wunnen, ënnersträicht d'Inneministesch Taina Bofferding. Am Réimecher Gemengerot stéing de Virworf am Raum, datt dat bei zwee Gemengeconseilleren net de Fall wier, hat d'Wort rezent gemellt.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'Gesetz wier kloer, esou d'Feststellung vum Claude Lamberty an der Chamber. Do steet am Artikel 192 vum Walgesetz:

"Pour être éligible, il faut:

[...]

3e avoir sa résidence habituelle dans la commune, c'est-à-dire y habiter d'ordinaire; cette condition doit être remplie depuis six mois au moins lors du dépôt de la candidature."

Den DP-Deputéierte wollt vun der Inneministesch Taina Bofferding wëssen, wien d'Recht, respektiv d'Obligatioun hätt ze kontrolléieren, a mat wéi engen Donnéeën dat gemaach géif ginn.

Mandat ass u Konditioune geknäppt

D'LSAP-Ministerin erkläert, datt een eng Rei vu Konditioune misst erfëllen, wann ee sech fir d'Gemengewale wéilt opstellen.

D'Iwwerpréiwe vum Wunnsëtz géif vum President vum Haaptwalbüro gemaach ginn dee Moment, wéi d'Kandidatur fir d'Gemengewalen deposéiert gëtt.

Wie wärend sengem Mandat dës Konditioun net méi erfëllt, misst dat matdeelen an dee Moment d'Mandat och néierleeën, ënnersträicht d'Taina Bofferding. Wann dat net geschitt mécht ee sech strofbar an et géif ee souguer eng Prisongsstrof riskéieren.

Ëffentlech Autoritéiten, déi Kenntnis vun esou enger Situatioun hätten, wieren obligéiert déi dem Procureur ze mellen.

Prozedure fir de Wunnsëtz ze iwwerpréiwen

Fir d'Taina Bofferding ass et kloer, datt de Schäfferot wësse misst, ob ee Conseiller aus dem Gemengerot nach ëmmer an der Gemeng wunnt, oder net.

Wann et en Doute géif ginn, wier et um Buergermeeschter fir eng Iwwerpréiwung ze maachen, dat kann och mat Hëllef vun enger Policeenquête geschéien.

Heifir ginn et Indicen, mat deenen erausfonnt soll ginn, ob eng Persoun nach an der Gemeng wunnt, erkläert d'Inneministesch:

"Do gëtt ënner anerem gekuckt: d'Plaz, wou ee sech no senger Aarbecht ophält, et gëtt gekuckt, wou d'Kanner an d'Schoul ginn, wou déi ugemellt ginn, den Energieverbrauch vum Menage gëtt gekuckt, wéi d'Telefonsrechnungen oder de Contrat de bail. Dat alles kënnen dee Moment Indicë sinn, déi der Police hëllefen."

Et wier eng vun de nobelsten Aufgaben sech fir déi Gemeng ze engagéieren an där e géif wunnen a liewen, seet d'Taina Bofferding. Et wier et och wichteg e strenge Kader ze hunn, fir dëst ze erméiglechen.

Am Réimecher Gemengerot gouf rezent de Virworf geäussert, zwee Gemengeconseillere wiere just an der Gemeng ugemellt, géifen awer net do wunnen. Dat hat d'Wort rezent gemellt. De Réimecher Schäffen Jean-Paul Kieffer gëtt do zitéiert mat der Ausso, datt ee de Wunnsëtz net gutt iwwerpréiwe kann.