Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - The Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Man hatte es nicht erwartet"

Corona-Pandemie

"Man hatte es nicht erwartet"

Den däitschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg seet, d'Regierung zu Berlin hätt sech net erwaart, datt d'Zoumaache vun de Grenze mat Lëtzebuerg esou vill negativ Reaktioune géif ervirruffen.

auto_stories

1 min

Och seng Ambassade hätt zum Deel zimmlech hefteg Messagen zougeschéckt kritt, esou den Heinrich Kreft. Déi Bréiwer an E-Mailen hätten deelweis Uspillungen op d'Besatzungszäit gemaach, och wann et sech hei ëm Ausname géif handelen.

De Grond: d'Situatioun a Frankräich

D'Decisioun fir nees Grenzkontrollen anzeféiere wier awer net drop zeréckzeféieren, datt déi däitsch Regierung de Grenzverkéier mat Lëtzebuerg ënnerschat hat, esou den Heinrich Kreft. Déi däitsch Decisioun hätt éischter mat der Situatioun a Frankräich ze di gehat:

"Luxemburg ist ein Opfer geworden der Nähe zum Grand Est. Und der Grand Est ist ein Opfer geworden der territorialen Neugliederung in Frankreich, denn der Hotspot war ja in Mulhouse (im Elsass) und gar nicht Lothringen. "

Wéinst dëser territorialer Ëmstrukturéierung wier de Grand Est an déi mësslech Situatioun komm, an doduerch eben och Lëtzebuerg. Datt d'Stëmmung hei am Land méi schlecht gi wier, hätt déi däitsch Ambassade der Regierung zu Berlin och all Dag matgedeelt.

Den Heinrich Kreft preziséiert, datt d'Kritik net nëmmen aus Lëtzebuerg komm wier, mee och aus Gemengen a Kreesser op der Grenz. Déi wieren nämlech genee esou betraff gewiescht wéi d'Lëtzebuerger.