D'LSAP an déi gréng behalen hir Sëtz. Och hei en Ofwäertstreng fir déi gréng, si verléiere siwe Prozent am Verglach mat 2017. Éischten an zweete Schäffen zu Mamer bleiwen de Roger Negri fir d'LSAP an de Luc Feller fir d'CSV.
De Schäffeposten, deen nei derbäi kënnt, geet un d'Francine Closener. De Koalitiounsaccord tëschent CSV an LSAP wier schonn ënnerschriwwen, esou de Gilles Roth weider.
déi gréng op der Sich no Grënn
Déi gréng bedaueren, datt si véier Prozent un d'Sozialiste verluer hunn, seet d'Co-Presidentin Adèle Schaaf-Haas. déi gréng erkläre sech hiren negativ-Trend virun allem duerch e Manktem u Visibilitéit:
"Et ass esou, datt eis Ekipp sech relativ erneiert huet. Mir hate just véier Kandidate vu 15, déi vun der leschte Kéier nach dobäi sinn. A mir hu relativ séier eng Erneierung gemaach vun eise Leit."
Elo misst eng Analys um lokale wéi nationale Plang gemaach ginn.