Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Yemen (feat. Tom Trabandt)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mäin Häerz schléit fir d'Margrethe Vestager"

INFORMELLEN EU-SOMMET

"Mäin Häerz schléit fir d'Margrethe Vestager"

De Lëtzebuerger Premier hätt gären, datt déi liberal EU-Kommissärin Margrethe Vestager Kommissiounspresidentin gëtt. Et ass elo um EU-Conseilspresident Donald Tusk no Kandidate fir véier Top-Posten an der EU ze sichen.

auto_stories

3 min

Wie soll Successeur vum Jean-Claude Juncker un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun ginn? Et ass de Conseilspresident Donald Tusk, deen elo där Fro nogoe soll. D'EU-Staats- a Regierungscheffen hunn him den Optrag ginn, adequat Kandidatinnen a Kandidate fir véier Spëtzeposte vun der EU ze fannen.

Um informellen Dinner gouf offiziell net iwwer Nimm geschwat. Et sinn der awer an deem engen oder anere Statement virun der Press gefall. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet keen Heel doraus gemaach, datt hien d'EU-Kommissärin Margrethe Vestager gären un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun géif gesinn.

Tusk soll Kandidatepak zesummestellen

"D'Margrethe Vestager wier eng exzellent Kommissiounspresidentin. Wat d'Experienz an d'Capacitéiten ugeet, huet si all d'Qualitéiten, déi ee brauch fir eng Kommissioun kënnen ze leeden", sot de Premier Xavier Bettel

Op hirem Owendiessen hunn d'Staats- a Regierungscheffen iwwer d'Prozedur diskutéiert, wéi d'Poste solle besat ginn. De Conseilspresident Donald Tusk krut den Optrag, no Kandidate fir véier Top-Posten ze sichen. Nieft dem Kommissiounspresident sinn dat dee vum Parlamentspresident, dee vun der Baussebeoptraagten an dem Conseilspresident.

Den Donald Tusk soll den Terrain souwuel am Europaparlament wéi bei de Memberlänner sondéieren. Bei der Sich no Kandidate soll d'Kräfteverhältnis vun de politesche Parteie berücksichtegt ginn, awer och déi geografesch Opdeelung.

Am Kandidatepak sollen dono idealerweis zwou Fraen dra sinn. Dat wier säin Zil , sou den Donald Tusk. Et kéint awer sinn, datt dat schwéier ass. Am Juni soll de Pak um Dësch leien.

Ofstëmmung ënner Memberlänner verhënneren

Een institutionelle Konflikt tëschent den Institutioune muss iwwerdeems verhënnert ginn, huet den Donald Tusk betount. "Mir dierfen net vergiessen, datt déi Kandidaten d'Majoritéit ënner de Memberlänner an déi am Europaparlament kréie mussen".

Et sollt och net zu enger Kampfofstëmmung tëschent de Staats- a Regierungscheffe kommen, sot de Premier Xavier Bettel. Den nächste Kommissiounspresident bräicht eng breet Majoritéit.

"Mäin Häerz schléit fir d'Margrethe Vestager", sot hien. Aner Kandidaten, wéi de Frans Timmermans (Sozialisten) oder de Manfred Weber (Europäesch Vollekspartei), huet hien awer net ausgeschloss.

De franséische President Emmanuel Macron wollt sech net op eng Persoun festleeën. D'Bundeskanzlerin Angela Merkel sot hirersäits, si géif sech weiderhi fir de Kandidat vun hirer Partei, de Manfred Weber asetzen.

Europaparlament: Mir wëlle Spëtzekandidat

D'Europaparlament huet gëschter widderholl, datt et just ee Kommissiounspresident akzeptéiere géif, deen och als Spëtzekandidat bei de Wahlen dobäi war. An enger Deklaratioun hu si festgehalen, datt si um System vun de Spëtzekandidate festhalen. "Deen nächste Kommissiounspresident muss säi Programm a seng Perséinlechkeet virun de Wahle bekannt gemaach an ee Wahlkampf geféiert hunn", heescht et am Text.

Déi Beschreiwung trëfft och op d'Margrethe Vestager zou, obschonn déi Liberal jo eigentlech kee richtege Spëtzekandidat nominéiert hunn. Si ware mat engem "Spëtzenteam" vu siwe Kandidaten an d'Course gaangen.

Doriwwer, wéi eng Koalitiounen eventuell kéinte forméiert ginn, ass ee bis elo am Parlament net virukomm. Et wier schwéier, well déi grouss Parteie keng offiziell Gespréicher féiere wëllen, sou eng Source um Bord vun der Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffe um Dënschdeg Owend.


Detailer mam Danièle Weber, den 28. Mee:

Lauschterenplay_arrow

Detailer mam Danièle Weber, den 29. Mee:

Lauschterenplay_arrow