Europawahlen 2019 Mäin Europa
Mënschen, déi hei am Land an an der Groussregioun liewen, schwätzen iwwer hir perséinlech Siicht op den europäesche Projet. Wéi erliewe si d'EU am Alldag oder am Beruff?

Sascha Lang
Zanter sengem drëtte Liewensjoer ass de Sascha Lang blann. Hie schafft als Kënschtlervermëttler a Manager a senger eegener Firma SLANG a setzt sech fir eng gutt Informatioun fir Mënsche mat Behënnerung an. De Sascha Lang pendelt mat sengem Blanneféierhond Molly tëschent Däitschland a Lëtzebuerg. Wéi empfënnt hien d'EU?
D'Bibliothecairin Tamara Sondag
Wéi gesäit d'Cheffin vun der Escher Bibliothéik den europäesche Projet, a wéi een Afloss huet dësen op hire Beruff, d'Ausbildung an d'Bibliothéiken am Allgemengen?
De Bijoutier Lucien Kunsch
Wéi gesäit de Maître horloger vu Schëffleng den europäesche Projet, a wéi een Afloss huet dësen op säi Beruff, seng Wueren an de Verkaf?
D'Wënzerin Michèle Mannes
Wéi gesäit d'Wënzerin vun Éinen den europäesche Projet, a wéi een Afloss huet dësen op hire Beruff, hire Betrib, hir Wueren an de Verkaf?
Den Entrepreneur Ben Jungers
Zanter 2012 féiert hien, zesumme mat senger Schwëster, en Handwierksbetrib, dee si vun hiren Elteren iwwerholl hunn. Wéi gesäit de Ben Jungers den europäesche Projet, a wéi een Afloss huet dësen op seng Entreprise, seng Déngschtleeschtungen a seng Mataarbechter?
Luca Ott, Lily Weis, Théo Picardel, Céline Bruckner
Véier jonk Schüler aus dem Schengener Lycée erzielen, wat si iwwer d'EU denken a wéi si de Projet Europäesch Unioun erliewen.
Paul Ihry
Mam Gestionnaire vum ORT Éislek hu mir eis um Dräilännereck tëschent Lëtzebuerg, Däitschland an der Belsch getraff. Wéi gesäit de Paul Ihry d'EU?
Bernd Dorst
De Bernd Dorst ass gebierteg aus dem Saarland, wunnt zanter ronn 20 Joer a Frankräich a schafft ongeféier grad esou laang zu Lëtzebuerg.
Mikis Bastian
Hie schafft am Natur- a Geopark Mëllerdall, wou hie fir de Beräich Naturschutz zoustänneg ass. Wat huet d'EU fir de Schutz vun der Natur gemaach a wéi gesäit de Mikis Bastian den europäesche Projet?
Roger Dammé
Zanter ronn 20 Joer ziicht hie Beien. De Roger Dammé ass och Member vum Verwaltungsrot vum Mouvement écologique. Hie spiert de Réckgang vun der Biodiversitéit ganz no. Wéi gesäit hien d'EU a wat misst op europäeschem Plang geschéie fir dem Aartestierwen entgéint ze wierken?