Radioen

On air

Notturno  |  Dawn Chorus And The Infallible Sea - Rêveries

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mäin Nofollger ka méi iwwer Klima a Steieren erzielen"

Budgetsrapporter

"Mäin Nofollger ka méi iwwer Klima a Steieren erzielen"

De Klimapak an déi geplangte Steierreform hunn nach keen Impakt op de Staatsbudget fir dat nächst Joer, seet de Budgetsrapporter Yves Cruchten.

auto_stories

2 min

Déi dräi Regierungsparteie wéilten an den nächste Wochen a Méint eng gemeinsam Klima- a Steierpolitik festleeën, esou den LSAP-Deputéierten.

"Et gëtt eng breet Akzeptanz an der Gesellschaft fir de Klimaschutz, mee mir mussen alleguerte wëssen, datt et eis och eppes kascht. Anerwäerts kënne politesch Mesuren am Klimaschutz awer och zu neie Recettë féieren. An déi sinn am Moment absolutt net anzeschätzen."

Déi eenzel Mesurë géifen engem op den éischte Bléck logesch erschéngen, mee et misst ee se nach chiffréieren. "Et muss ee wëssen: Wat bréngen se? Wou spuere mer an? Mee awer och, wat kaschte se?" Den Yves Cruchten betount awer, de finanzielle Spillraum fir d'Steierreform kéint een elo schonn ofschätzen:

"De Sputt, deen een haut gesäit, deen ass ze chiffréieren. Wa mer déi Virgaben, déi d'EU eis gëtt, kucken, da musse mer jo en Objektif à moyen terme vun +0,5 Prozent vum PIB anhalen - an da läit dee Sputt tëschent 400 a 600 Milliounen Euro."

Präis um Sprit

Ginn d'Steieren um Bensin an um Diesel d'nächst Joer nach eng Kéier an d'Luucht? Op déi Fro wëllt d'Regierung bis Enn des Jores äntweren. Mat enger däitlecher Erhéijung wier op alle Fall net ze rechnen, seet den Yves Cruchten. Hien huet ënnerstrach, datt hien dogéint wier fir d'Accisen "blannemännerches" ze erhéijen:

"Fir mech ass et evident wichteg, datt mer déi Klimaschutz-Debatt elo och sollen notze fir Ëmverdeelung ze maachen. Datt et och muss drëms goen, déi sozial Schwaach mat an d'Boot ze huelen, wa mer Klimaschutz maachen. An datt mer deene kennen en Ausgläich ginn, a vläicht net nëmmen en Ausgläich ginn, mee vläicht esouguer méi Gerechtegkeet schafen, well mer mierken, datt eis Gesellschaft ëmmer méi Ongläichheeten huet."