Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mäi ganze Kierper ass voller Narbe vun der Folter"

Flüchtlingskris

"Mäi ganze Kierper ass voller Narbe vun der Folter"

Europa diskutéiert iwwer eng Reform vun der Dublin-Prozedur fir Flüchtlingen. Mee hannendru si Mënschen, Schicksaler, Problemer. Wie sinn déi Leit, wéi gi si zu Lëtzebuerg behandelt a wat hale si selwer vun den europäesche Prozeduren? D'Maxi Pesch huet den Tesfay op senger Fluchtroute getraff an ass e Stéck mat him mat gaangen.

auto_stories

7 min

Véier Méint laang louch ech ugekett um Buedem. Ouni Changement. All Dag. Just fir z'iesse krut ech eng Hand fräi gemaach. Mäi ganze Kierper ass voller Narbe vun der Folter. Si hu Plastik an Zigaretten op eis verbrannt.

D'Schuddere ginn engem aus, wann een dem Tesfay seng Geschicht héiert. Tesfay bedeit op Lëtzebuergesch Hoffnung. Mat senge 35 Joer huet de jonken Eriträer scho vill matgemaach. Méi wéi fënnef Joer dauert seng Rees elo schonn. Wou säi Wee hien hiféiert ass e Geheimnis. Viru fënnef Joer ass den Tesfay aus dem brutale Militärdéngscht a senger Heemecht geflücht. Keng Opportunitéite géifen et do ginn, et wier Sklaverei. Hien huet seng Fra, dräi kleng Kanner a säi blanne Papp zeréckgelooss. Seng Mamm ass scho fréi gestuerwen.

Ech hat aacht Joer, wéi meng Mamm gestuerwen ass. Mäi Papp war scho blann. Menge Schwësteren ass et gesondheetlech net gutt gaangen. Just ech konnt mech ëm meng Famill këmmeren. Mee an Eritrea ass d'Arméi obligatoresch. D'Regierung wollt net, datt ech mech ëm meng Famill këmmeren.

Foto:Bigstock / Anjo Kan

Dem jonken Eriträer ass näischt aneres iwwereg bliwwen, wéi fortzelafen. E Verbriechen op deem am ostafrikanesche Land haart Strofe stinn. Op senger Rees bis an Europa gouf den Tesfay e puer mol gefaange geholl a gefoltert. Mol vun der Regierung, vu Mënschenhändler oder vun auslännesche Policen. Och de Wee iwwer d'Mëttelmier bis an Europa wier schwiereg gewiescht. Néng Deeg wier hien an engem iwwerfëllte Schlauchboot, zu méi wéi 500 Persounen, ouni Iessen an ouni Drénke bis an Italien gefuer.

Folter a Prisong

Mee wéinst hirer restriktiver Migratiounspolitik an de schlechten Opfaangstrukture wëllt d'Majoritéit vun de Flüchtlingen net an Italie bleiwen. Den Tesfay wollt seng Asyldemande eigentlech an Däitschland maachen. Och wéinst der Sprooch, déi hie schonn deelweis schwätze kann. Mee um Wee dohi gouf den Eriträer an engem aneren europäesche Land vun der Police ugehalen a gezwongen, seng Fangerofdréck do ze loossen. Zwee Joer, esou erzielt de Refugié, huet et duerno gedauert, bis seng Asyldemande an deem Land traitéiert gouf. Mam Resultat, datt se ofgeleent gouf. Wisou, weess de jonke Mann bis haut nach net.

EU: Negativ Decisioun

E Retour an Eritrea kënnt fir de Familljepapp net a Fro. Dat wier wéi en Doudesuerteel. Nächst Statioun: Lëtzebuerg. Mee och hei konnt de Refugié net bleiwen. Lëtzebuerg ass dem sougenannten Dublin-System no nämlech net responsabel fir de Mann. De Frank Wies, Affekot a Member vum Flüchtlingsrot erkläert.

Do gëtt et e System, deen nennt sech EURODAC . Eng riseg Datebank, an där alleguer d'Fangerofdréck enregistréiert sinn. A wann dann eng Persoun iergendwann an engem anere Land als Refugié enregistréiert gouf, da fannen si dat hei direkt eraus. Wann dat de Fall ass, da went Lëtzebuerg sech un dat Land a freet, op dat Land de Refugié well zeréckhuelen. Dono ass eng Period vun zwee Méint, an där dat Land kann äntweren. Wa se 'Jo' äntweren, oder wa si guer net äntweren, dann heescht dat, datt dat anert Land responsabel ass.

En onfaire System, dee virop déi d'Länner un der Peripherie belaascht, seet de Frank Wies. Wann Europa op engem Solidaritéitsgedanke géif baséieren, dat géif dat heeschen, datt jiddwereen en Deel vun der Laascht soll droen, erkläert den Affekot.

Et kann net sinn, datt Länner wéi Spuenien, Italien a Griichenland de Gros vun den Demandë musse schëlleren, an déi Länner an der Mëtt net. An dat ass de Grondproblem vun Dublin. Dublin huet och dozou geféiert, datt e Mouvement secondaire entsteet. Dat heescht, datt vill Leit, déi net wëllen an dem éischte Land bleiwen, an deem si de Fangerofdrock geholl kruten, dann duerch Europa reesen an awer nees an dat Land zeréckgeschéckt ginn.

Dublin III schaaft e Mouvement secondaire

Ausname sinn allerdéngs méiglech. Zum Beispill kann ee Land, jee no Fall, eng Souveränitéitsklausel uwenden. Dat heescht, datt den zoustännege Minister kann decidéieren, op een Dubliner-Asyl kritt oder net. Kloer Krittären a wéini eng Persoun en humanitäre Fall ass, géifen et hei am Land allerdéngs keng ginn. Eng Iddi wier zum Beispill eng Häertefallkommissioun, esou d'Agnès Rausch, fréiere Member am Staatsrot a Matgrënner vun der Flüchtlingsorganisatioun Reech eng Hand.

Mir géifen dat dann net dem Minister eleng iwwerloossen, dee jo oder nee seet, wéini datt esou eng Clause spillt. Dat war och eng Fuerderung vun de Flüchtlingsorganisatiounen.

Fir all déi aner Dubliner heescht et waarden. Soubal e Verdacht besteet, datt een Asyldemandeur ënner d'Dublin Reegel fält, kënnt si hei am Land entweder an d'Opfankstruktur an der fréierer Logopedie, wann et sech ëm Fraen, Kanner a Famillen handelt, oder, wann et sech ëm celibataire Männer handelt, an déi sougenannte SHUK op de Kierchbierg an der Hal Nummer 6 vun der Luxexpo. Lëtzebuerg fënnt den Tesfay e geniaalt d'Land, hien hätt hei vill vu Mënsche gehollef kritt, mee iwwer d'Konditiounen an der SHUK war och de jonke Mann schockéiert.

Shuk ass wéi e Prisong

Ech war immens iwwerrascht, wéi ech an d'Shuk koum. Et war net a menger Virstellungskraaft, datt hei an Europa esou en Zeltlager géif bestoen. Ech hunn dat och a kengem aneren europäesche Land gesinn. Déi meescht déi dohi kommen, si schonn depriméiert. Et ass immens haart, et kann ee schwéier schlofen. Dat hei ass wéi e Prisong. A mir si just normal Asyldemandeuren. Keng Krimineller.

Fir de Frank Wies, en "Ofschreckungslager". D'Asyldemandeure mussen hei ëm eng bestëmmten Zäit owes dobanne sinn an dierfe eréischt no enger gewëssener Zäit eraus. Do géif eng immens Promiscuitéit herrschen. Verschidde Leit, déi alleguer an enger stressvoller Situatioun sinn, wieren do an Zelter ënnerbruecht.

Si hunn elo anscheinend Trennwänn tëschent de Better opgeriicht fir d'Intimitéit ze stäerken. Dat dréit allerdéngs och net onbedéngt zur Oplockerung vun der Atmosphär bäi.

Der Agnès Rausch no géif et hei méi Sënn maachen, déi Leit ze stäerken, am Plaz si ze schwächen.Wann een de Flüchtlingen géif erméiglechen hir psychologesch a mënschlech Kräften nees ze sammelen, da kéinte si gestäerkt weider reesen. "Wann een een op d'Rees schéckt, da gëtt een engem jo awer dat Bescht mat an d'Gepäck". Hei hätt een awer d'Impressioun, datt een hinnen de Rescht, wat si nach hunn, ewech hellt.

Wann een een op d'Rees schéckt. Dat gëtt een engem jo awer dat Bescht mat an d'Gepäck.

Den Ament liewen 35 Persounen an der Shuk. Op Nofro beim Ausseministère hin war et net méiglech, sech e rezent Bild vun der Struktur an der Hal Nummer 6 ze maachen. Et wier ee mat de Gemengen am Gespréich fir Alternativen ze fannen, esou den Ausseminister Jean Asselborn. Ouni konkret Proposen ze nennen. De Koalitiounsaccord gesäit eng Alternativ zur Shuk vir. Mee rezent ass de Bail mat der Luxexpo mol bis Enn 2022 verlängert ginn. Deemno huet d'Shuk d'Méiglechkeet op d'mannst nach dräi Joer an de Foireshalen ze bleiwen.

Zanter Joren diskutéiert Europa iwwer eng Reform vum sougenannten Dublin System. En alternative Projet vum Europaparlament géif et zanter 2017 ginn, erkläert de Fank Wies.

An dee gesäit eng automatesch Relokalisatioun vir. Dat heescht, et ass net méi dat Land, an deem d'Persounen als éischt ukommen, dat responsabel ass. Mee si ginn automatesch op déi 27 Länner verdeelt. An de Refugié huet de Choix tëschent véier Länner.

Mee dofir missten alleguerten d'Länner solidaresch sinn. An dovu wier een nach ganz wäit ewech, esou sot rezent de Lëtzebuerger Ausseminister um Conseil vun de Immigratiounsministeren hei um Kierchbierg. Et ass d'Schicksal vu jonke Mënsche wéi dat vum Tesfaye, dat dovunner ofhänkt. Als Virbereedung op den Interview hat och de jonke Mann e Message un d'Politik virbereet.

"Mir si Refugiéen hei aus verschiddene Länner a Kontinenter. Mir wëllen Asyl an Europa ufroen. Leider gouf eis Demande a verschiddenen europäesche Länner rejetéiert. Mir kruten net erlaabt an deem Land ze liewen, an deem mir Asyl gefrot hunn. Vill Flüchtlinge leiden un Depressiounen, mentale Problemer, vill wäerten ëmmer leiden. Mir si Mënschen, a wéi all Mënsche brauche mir och e Liewen. Mir froen déi uropäesch Unioun eis d'Leiden unzëerkennen an eis déi fundamental Solutioune fir eist Leiden ze ginn."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.