Radioen

On air

Notturno  |  C'est Karma - Industrial Salt

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik um Programme directeur vun der Landesplanung

Gemeng Mäertert

Kritik um Programme directeur vun der Landesplanung

Eng Rei Gemengen sinn onzefridde mat deem wat fir si am Programme directeur vun der Landesplanung - kuerz PDAT - virgesinn ass. D'Gemengen hate bis de 15. Januer Zäit hiren Avis zum éischten Entworf anzereechen, an ënner anerem d'Gemeng Mäertert huet sech dora kritesch geäussert.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Den LSAP-Buergermeeschter vu Mäertert, Jérôme Laurent, kritiséiert, datt seng Gemeng am PDAT net als sougenannte CDA - also Centre de Développement et d'Attraction - virgesinn ass. Dat sinn déi Gemengen am Land déi vum Landesplanungsministère als besonnesch Entwécklungszentren designéiert gi sinn. Virop weist de Mäerterter Buergermeeschter drop hinn, datt d'Tatssach keen CDA ze ginn, finanziell Konsequenzen huet fir d'Gemeng.

"Well dat och manner Einname bedeit fir d'Gemeng Mäertert. En CDA kritt iwwer d'Staatlech Dëppen méi Geld wéi d'Gemeng Mäertert, déi net en CDA ass."

Doduerch fäert de Buergermeeschter, datt d'Gemeng am Wuesstem ageschränkt géif ginn. De ganze Gemengerot wier iwwregens der Meenung, datt Mäertert alleguer d'Uspréch erfëllt fir en CDA ze ginn. Deemno ass den Avis iwwer de PDAT och eestëmmeg ugeholl ginn.

Avis fir eng Zesummenaarbecht mat Gréiwemaacher

Si hätten zwou Garen, fënnef Grenz-Iwwergäng an een Hafen. Mäertert wier och e wichtegen ekonomesche Facteur fir d'Lëtzebuerger Land, erkläert de Jérôme Laurent. Et géifen net manner wéi 12 Tankstelle ginn, déi dem Land vill Geld era géife bréngen.

Dofir hat de Gemengerot vu Mäertert a sengem Avis och proposéiert mat der Nopeschgemeng Gréiwemaacher zesummen en CDA mam Numm "Moselle inférieure" ze kreéieren. Dorop wier d'Landesplanung a hirer finaler Propose awer guer net agaangen. Den zoustännege Minister Claude Turmes stellt a Fro, datt et eng Basis fir sou eng Zesummenaarbecht géif ginn.

"Da muss ee fir d'éischt kucken, datt eben do eng Gemeinsam Dynamik entsteet op deene Plazen an ech mengen dat war lo hei net de Fall"

An den Ae vum grénge Minister ass den Titel Centre de Développement et d'Attraction awer och mat vill Verantwortung fir Nopeschgemenge verbonnen, sou datt Mäertert awer géif profitéieren.

CDA hätt virun allem méi Responsabilitéit fir op sengem Territoire an och Nopeschgemenge Servicer unzebidden. Dat kéinte Schoulen, staatlech Administratiounen oder Saachen am Gesondheetswiese sinn.

Mat Gréiwemaacher, Jonglënster, Réimech, Mondorf an Iechternach hätt den Osten och scho genuch regional Zentren, esou de Claude Turmes. E weidere CDA géif fir hien do kee Sënn maachen, fënnt de Minister fir Landesplanung

Dee finalen Text iwwer de Programme Directeur ass virun zwou Wochen an der Chamber ugeholl ginn a muss elo just nach am Regierungsrot arrêtéiert ginn.