Radioen

On air

De Weekend  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lydie Polfer confirméiert Spëtzekandidatur an der Stad

Gemengewalen 2023

Lydie Polfer confirméiert Spëtzekandidatur an der Stad

D'Lydie Polfer huet de Moien op RTL confirméiert, datt si bei de Gemengewalen nach eng Kéier DP-Spëtzekandidatin an der Stad gëtt. D'lescht Woch hate mir gemellt, datt si rezent decidéiert huet, awer nach eng Kéier wëlle Buergermeeschtesch ze ginn - nodeem si méi Sourcen no virun engem Joer intern gesot hat, net méi als Spëtzekandidatin matzegoen.

auto_stories

2 min

Ob si am Fall vun enger Walvictoire e ganzt Buergermeeschtermandat géif maachen, huet déi aktuell Buergermeeschtesch géigeniwwer RTL net gesot.

Déi final Decisioun gouf e Méindeg den Owend festgehalen, wéi mir dat vu Stater DP-Politiker confirméiert kruten.

D'lescht Woch hate mir gemellt, datt d'Lydie Polfer rezent decidéiert huet, awer nach eng Kéier wëlle Buergermeeschtesch ze ginn - nodeem si méi Sourcen no virun engem Joer intern gesot hat, net méi als Spëtzekandidatin matzegoen.

Duebelspëtzt mam Patrick Goldschmidt

Zanter 2009 sëtzt den DP-Politiker Patrick Goldschmidt am Stater Gemengerot, an zanter 2014 am Schäfferot. Et wier kloer gewiescht, datt hien elo méi Verantwortung wéilt iwwerhuelen, esou de Patrick Goldschmidt. Zesumme mat der Lydie Polver wier et elo d'Zil, dat bescht méiglech Resultat ze maachen. Konkret heescht dat also, de Buergermeeschter ze stellen.

Op d'Fro, ob hien als eventuell Zweetgewielten hanner der Lydie Polver och bereet wier, de Poste vum Buergermeeschter ze iwwerhuelen, falls si hiert d'Mandat net géif op een Enn maachen, sot de Patrick Goldschmidt, et wéilt een als éischt mat der Ekipp en exzellent Resultat maachen, den nächste Buergermeeschter stellen, a de Rescht wäert sech da gesinn:

"D'Leit solle scho wëssen, d'Madamm Polfer an ech ginn als Spëtzekandidaten do an déi Walen, an d'Madamm Polfer soll nächste Buergermeeschter ginn. Wa si géif en cour de route eng Decisioun huelen fir opzehalen, da wier ech selbstverständlech do, fir dat weiderzeféieren. Mee sou wäit si mir net."

Muechtkampf an der Stater DP-Fraktioun

Eisen Informatiounen no, gouf et wéinst der Lëscht fir d'Gemengewalen déi lescht Méint e Muechtkampf tëschent der Stater DP-Fraktioun an der Corinne Cahen.

D'DP-Familljeministesch war als nei Spëtzekandidatin an der Stad am Gespréich, mee d'Corinne Cahen huet dee Match elo verluer. Duerch d'Decisioun vun der DP-Fraktioun an der Lydie Polfer ka si sech just hanner de Spëtzenduo Polfer-Goldschmidt stellen.

D'Corinne Cahen sot d'lescht Woch hei um Radio, si géif d'Spëtzekandidatur vun der Lydie Polfer ënnerstëtzen a wéilt als Kandidatin an der Stad matgoen, an d'Mandat och unhuele, wa si an de Gemengerot gewielt gëtt.