Steierberoder hätten nom LuxLeaks-Skandal - wéi et schéngt - eng Méiglechkeet fonnt, EU-Reegelen ze ëmgoen: dat mat sougenannten Informatiouns-Bréiwer, fir Tax-Rulingen ze vermeiden, fir déi zanter e puer Joer een Informatiounsaustausch gëllt.
De Ministère vum Pierre Gramegna hat gëschter Owend - direkt no der Publikatioun vun den éischten Artikelen iwwer "Luxletters" - an engem Communiqué geschriwwen, datt een d'Virwërf géif zeréckweisen: d'Behaaptunge wiere falsch a komplett onbegrënnt. Grouss Gesellschaften oder Wirtschaftspréiwungsgesellschafte géifen net privilegéiert behandelt ginn, esou de Lëtzebuerger Finanzministère a sengem Communiqué.
Tax-Rulingen ouni Austausch
Nom Lux-Leaks-Finanzskandal vun 2014, geet elo vu Luxletters rieds: d'Wochenzeitung Woxx schreift vun engem "skandaléise Verdacht": räich Investisseuren oder multinational Entreprisë kéinten nach ëmmer vun der Sécherheet vun engem Tax-Ruling profitéieren, ouni datt et een Austausch mat aneren EU-Staate géif ginn, seet de Journalist Luc Caregari:
"Wat mer eraus fonnt hunn ass, datt et eng Praxis gëtt, déi eis bestätegt ginn ass, datt déi sougenannten Information Letters ugebuede ginn, vu gewëssen Entreprisen zu Lëtzebuerg, als Tax Rulings, well se u sech keng Tax Ruling sinn well wat se ënnerscheet ass, en Tax Ruling ass rechtlech bindend an also viru Geriicht aklobar, Information Letters sinn et net."
Trotzdeem hätten d'Steierberoodungs-Entreprisen de Clienten e "gewësse Confort" verkaaft ginn, analyséiert de WOXX-Journalist.
"Well et verhandelt gëtt, mat der Steierverwaltung, a wann déi sech dann duerno net méi mellt, da géif dat heeschen - eise Sourcen no - datt dat eng gréng Luucht ass an datt sech de Client vun den Audit-Firmen kann zréck leenen a sécher sinn, datt wärend den nächste fënnef Joer keng béis steierlech Iwwerraschunge wäerten op en zoukommen."
Bei verschiddene Firme wier dës Praxis zimmlech verbreet, esou de Luc Caregari, dee festgestallt huet, "datt déi Praxis richteg opkomm ass a richtegen Drift krut, wéi dat Gesetz vun 2016 komm ass, wat ebe gemaach huet, datt Rulinge mussen echangéiert ginn." D'Reaktioun vum Lëtzebuerger Finanzministère op déi nei Recherchë fënnt de Journalist "net besonnesch souverän".
De Grand-Duché misst ganz kloer op dës Recherchë reagéieren, fuerdert am 100,7-Interview den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement. Wann d'Recherchë sech sollte confirméieren, dann wier dat "ganz problematesch", virun allem well et erëm Avantagë fir déi Superräich géife ginn. D'Praxis misst opgeschafft ginn, an déi néideg Konsequenze gezu ginn, verlaangt den Oppositiounsdeputéierten.