Radioen

On air

Notturno  |  Stereolab - The Flower Called Nowhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LuxLeaks: Fransous Raphaël Halet gëtt als Whistleblower unerkannt

Transparenz

LuxLeaks: Fransous Raphaël Halet gëtt als Whistleblower unerkannt

Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet de Fransous Raphaël Halet, ee vun den Haaptprotagonisten an der LuxLeaks-Affär, haut als Whistleblower unerkannt. Lëtzebuerg gouf deemno wéinst dem Verstouss géint d'Meenungsfräiheet verurteelt. De Lëtzebuerger Staat muss dem Raphaël Halet 15.000 Euro moralesch Entschiedegung a 40.000 Euro fir d'Geriichtsfraise bezuelen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Enn 2012 haten déi fréier PWC-Mataarbechter Raphaël Halet an Antoine Deltour confidentiel Steierdokumenter u Journaliste weiderginn an op deem Wee zum Finanzskandal vu LuxLeaks 2014 bäigedroen, bei deem déi sougenannt "Tax rulings" - also Steier-Begënschtegunge fir Multinationalen zu Lëtzebuerg - opgedeckt gi sinn.

An enger zweeter Instanz als Whistleblower unerkannt

De Raphael Halet war doropshin zu enger Geldstrof vun 1.000 Euro zu Lëtzebuerg verurteelt ginn. Déi aner Beschëllegt, den Antoine Deltour an de Journalist Edouard Perrin, goufe fräigesprach. Och um Europäesche Geriichtshaff hat de Raphaël Halet an enger éischter Instanz net Recht kritt.

An enger zweeter Instanz gouf hien elo als Whistleblower unerkannt mam Argument, datt den Interêt public den eventuelle Schued am Zesummenhang mat der Verëffentlechung vun de vertraulechen Dokumenter géing iwwerweien. De Raphael Halet erkläert:

"Tout ce que j'ai décrit, démontré ces dernières années, au cours des audiences, au cours des enquêtes, c'est vrai. Ça correspond à la réalité et c'est un rapport undeniable d'un intérêt général au débat public."

Decisioun wier wichteg och fir aner Whistleblower

Et wier e wäite Wee gewiescht bis dohinner. Opgi war fir de franséische Whistleblower awer keng Optioun.

"Cela a pris onze ans, certes. Mais on n'a jamais abandonné, jamais baissé les bras et puis, du coup, au final on est enfin tombé sur un tribunal qui reconnaît ma qualité de lanceur d'alerte, la qualité de mes informations, la qualité de mon apport au débat public et d'intérêt général surtout."

D'Decisioun vum Geriicht zu Stroossbuerg gesäit de Raphaël Halet doriwwer eraus als eng wichteg Etapp fir aner Whistleblower.

"Le fait de gagner aujourd'hui, ça fait jurisprudence. Donc c'est encore un point dans le cercle des lanceurs d'alerte pour aller au combat contre les choses - ou des personnes qui font des choses illégales."

De Justizministère wollt fir den Ament op eis Nofro hin net op d'Urteel reagéieren.