Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxexpo: Just nach Migranten, déi Lëtzebuerg verloossen

Flüchtlingen

Luxexpo: Just nach Migranten, déi Lëtzebuerg verloossen

An de Foires-Halen um Kierchbierg sollen an Zukunft just Migranten ënnerbruecht ginn, déi d'Land nees musse verloossen. Dat huet d'Regierung, Informatioune vum radio 100,7 no, um Freideg eestëmmeg decidéiert.

auto_stories

1 min

An der Luxexpo sollen an Zukunft nëmmen nach déi Leit ënnerbruecht ginn, deenen den Asyl refuséiert ginn ass. Oder déi den "Dublin 3"-Accorden no zréck an dat europäescht Land musse goen, an deem si hir éischt Asyldemande an der EU gestallt hunn. Deemno soll d'Flüchtlingshal an der Luxepo an Zukunft net méi dem Integratiounsministère, mee dem Immigratiousministère ënnerstoen. Dat huet eng gutt informéiert Source dem radio 100,7 gesot. D'Hal an där den Ament ronn 300 Flüchtlingen ënnerbruecht sinn, soll deemno och net méi vum Roude Kräiz geréiert ginn.

D'Leit an der Luxexpo, déi eng Demande fir eng Protection international maachen, déi also ënnert de Responsabilitéit vum OLAI an dem Integratiounsministère ënnerstinn, sollen dann an enger éischter Phas an d'Logopedie op der Areler Strooss transferéiert ginn. An enger zweeter Phas solle si an dat neit Flüchtlingsheem op Miersch kommen.

Am September 2015 gouf ugekënnegt, datt Flüchtlingen an der Hal 6 vun der Luxexpo sollen ënnerbruecht ginn. Déi éischt Flüchtlinge koumen am Oktober 2015 an d'Foireshal. An de 50 Zelter, déi an der Hal stinn, ass Plaz fir 360 Persounen. De Locatiounsvertrag, deen d'Luxexpo mam Finanzministère huet, leeft nach bis Enn 2017.