Ouverturen Luxembourg Event Association begréisst Covid-Check
De CovidCheck-System wier de "Schlëssel" fir am Secteur vum Evenementiel nees kënnen opzemaachen, seet de Charles Schroeder vu LEA - der Luxembourg Event Association.
Mat den Ouverturen, déi dat neit Covid-Gesetz méiglech mécht, kéinte Betriber, déi Evenementer organiséieren, an zum Beispill Traiteuren nees méi normal schaffen. E bësse Bedauere géif et awer nach ginn, well de Covid-Check am private Beräich net erlaabt gouf, seet de Charles Schroeder.
Ee Grond heivir wier, datt d'Kontrollorganer, notamment d'Police, doheem bei de Leit net kéint eran oder an de Gaart kucke goen, fir do ze kontrolléieren.
"Dat ass schued fir eis, well et ass awer dann do erëm eng Brems. An ech menge vill Leit hätte, grad iwwer de Summer, gär profitéiert, fir dobaussen, an hirem Gaart, erëm vill Leit ze invitéieren [...]."
De Charles Schroeder erënnert un d'Remark vum Staatsrot, datt et eng Divergenz géif ginn, well d'Fräiheeten doheem am Gaart wesentlech méi ageschränkt sinn wéi an der Disko oder op der Place publique. "Deen Zoustand wäert sech, mengen ech, net laang kënnen halen."
Sollten d'Zuele weider niddreg bleiwen, geet de Charles Schroeder dovunner aus, datt am Juli och am private Beräich nach eng Ouverture wäert kommen.