Mir huelen eist Iesse fir eppes Normales, dat einfach just an den Teller fält. Kee ka sech virstellen, datt dat eng Kéier net méi esou kéint sinn. An awer ...
Mam Ressourcë-Schwund a Klimawandel ass d'Liewensmëttelversuergung weltwäit a Gefor, zemools fir déi Länner, déi massiv vum Import ofhänken.
Wann de Weess a Russland oder de Räis am Vietnam net méi gedeien, wäerten dës Exportlänner dat, wat se recoltéiere fir sech behalen. Wann de syntheeteschen, Energie-intensiven Dünger ze deier, an den Phosphor nach méi knapp ginn, wäerte Länner, déi déi incontournabel Ressourcen importéieren, am Ree stoen.
Portugal huet och geduecht, hire Bacalhau, dat nationaalt kulinarescht Monument, wier éiweg. An op eemol war den Atlantik virun der Dier eidel gefëscht. Haut gëtt säi Bacalhau aus dem Pazifik importéiert.
Wéi genee de Klima bei eis wäert ausgesinn, ass ongewëss. Eenzeg Gewëssheet: e wandelt a bréngt näischt Guddes fir d'Ressourcë mat sech.
D'Guttland zitt an d'Éislek an d'Riewen op Veianen ...
Fir Europa geet ee vun Hëtzt, längeren Drécheperioden, a méi intensivem Reen - op klenger Fläch, a kuerzer Zäit aus. D'Agrikultur an d'Bëscher zeien no Norden. De Süden verwüüst. Esouguer an esou engem mini Stéck Land wéi Lëtzebuerg bemierkt een dat. D'knappt Waasser an den ausgelaugte Buedem kréien nach eng drop. Eis typesch Buchen-Eechen-Héichbëscher sinn a Gefor zu Gestrëpp ze ginn. D'Guttland zitt an d'Éislek an d'Riewen op Veianen...
D'Landwirtschaft, also déi Mënschheets-laang Konscht a Wëssenschaft den Himmel an d'Äerd ze liesen, sech de Saisonen an dem Milieu unzepasse fir Stocken ze maachen, verléiert hir Repèren. Plange gëtt ëmmer méi schwéier. Mer wiere gutt bedéngt elo d'Wëssen opzebauen an d'Plaz ze reservéiere fir aus Süd-Europa an hiren agronomesche Praktiken ze léieren:
Saisonal Waasserreservoiren uleeën, déi den iwwerschëssege Ree fir Drécheperiode conservéieren,
méi Schiet produzéiere fir Planzen a Béischten, d'Waasser spueren duerch Zären, Drëps- oder ënnerierdesch Bewässerung, lokal Varietéiten dem neien Klima upassen a südlech Varietéiten aféieren: Mirabellen, Aprikosen, Pijen, Kiwien, ...
Diversifikatioun
Fir eng gréisser Selbstversuergung, ënner onséchere Bedéngungen, wier et och gutt opzehalen de ganzen Akerbuedem, an domat eis Landschaften, der Mëllech- a Fleeschproduktioun ze ënnerwerfen, unzefänken net Agrarflächen als Agrarflächen ze mobiliséieren: Liewensmëttelproduktioun an de Stied, op den Industrie-Diecher an Hausfassaden, an de Kelleren (dach, dach, Champignonen oder Chiconen ...), an de Virgäert, op de Balconen, ...
De Mot d'ordre misst och hei sinn: diversifiéieren, eis "Eeër net just an ee Kuef leeën".
Dee strikte Minimum vu Fläch, déi eng Persoun theoreetesch bräicht fir sech autark ze ernären, sinn 2.000 m2, ënner engem stabille Klima. Lëtzebuerg 2020, mat 600.000 Awunner, huet déi, nach.
Kalorië-meisseg géif eisen Territoire et och hierginn eis - frugal - ze ernären: Weess, Mëllechprodukter, Fleesch. Wou et happert ass bei den Eeër, dem Gefligel, de Gromperen, dem Geméis, an dem Uebst.
Nëmmen, mer iessen an drénken net, wat eisen Territoire hiergëtt, an den Territoire produzéiert net dat, wat mer gären iessen oder drénken!
Konsequent Verännerunge vun den Hierstellungsprozesser an der Vertriebslogisitik
Wa mer weider wëlle Sushi a gefruere Pizza iessen, massiv Mëllech exportéieren a Fleesch consomméieren, Héngerställ an eisem Backyard de Krich erklären, an 30 Prozent vum Iesse verbëtzen, geet d'Rechnung net op. Et wier ubruecht eis Iessgewunnechten an Iessensproduktioun besser uneneen unzepassen, d'Närstoffer an eisem gréngen Offall erëm zeréck an den Buedem ze feieren, wou se hierkommen, méi en héije Präis fir d'Iessen ze bezuelen, manner ofhängeg vum Import vu vitale Produkter ze ginn, an - manner Zäit um Handy an op Netflix ze verbréngen, a méi an der Kichen an am Gaart ...
Iesse produzéieren eleng geet net duer. Duerno brauche mer Plaz an handwierklech an digital Fäegkeete fir Transformatioun, Stockage, Conservatioun, Distributioun, Offallrecyclage:
An de Gemengen: gedeelte Lageren, Maschinnen, Geschier an Epicerien op Rieder ...
An den Stied: Cylo-logistics, Cargo bikes, digital gesteiert Hydroponie-Zären oder Biooffall-Kollektore pro Appartementsblock, online Plattforme fir Commanden a gruppéiert Livraisoun, ...
An doheem: Der Bom hir Bicher aus der Haushaltsschoul, Amaachglieser, Gebeessdëppen, an eng Spëndchen ...
Do kommen e puer Aventuren a Business-Opportunities op eis duer.
Vläicht sollte mer trotzdeem net nach dee leschten ale Bauerenhaff platt maachen, fir eng gro-wäiss Styropor-Residenz doraus ze maachen?
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.