Den 30. Mee sollen nees Luxair-Fliger vum Findel aus fortfléien. Mee dat ass e Planungsdatum, esou am 100,7-Interview den Alberto Kunkel, zoustänneg fir den Tour-Operating bei Luxair. Et kéint sinn, datt eréischt vun Ufank Juni un erëm wäert kënne geflu ginn. Natierlech géif dat awer nach vu ganz ville Facteuren ofhänken.
Kleng ufänken
Wann et méiglech ass, wéilt ee ganz kleng erëm ufänken, mat enger oder zwou Destinatioune a mat wéinege Flich dohinner. Den Alberto Kunkel seet, et wier den aktuelle Pläng no onméiglech, souguer am August de komplette Fluchplang erëm stoen ze hunn.
Stëllstand zanter Mäerz
Déi lescht regulär Flich bei der Luxair goufen et virun engem Mount.
80 vu ronn 200 Mataarbechter vu LuxairTours sinn de Moment a Kuerzaarbecht.