Radioen

On air

Tockcity  |  Paul Wetz - Ode An Den Bass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxairport investéiert a Produktioun vu nohaltegem Kerosin

CO2-Ausstouss beim Fléien

Luxairport investéiert a Produktioun vu nohaltegem Kerosin

De Flughafebedreiwer gëtt Aktionär bei der Firma "Norsk e-Fuel", déi op Basis vun erneierbaren Energië syntheetesche Flugbensinn hierstellt, huet de Mobilitéitsminister François Bausch annoncéiert. D'Investitioun läit am duebelstellege Milliouneberäich.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Luxairport gesäit sech als Virreider am Beräich vun der CO2-Neutralitéit bis 2030 am Aviatiounssecteur. Eng Rëtsch Changementer goufe schonn um Flughafe selwer gemaach, fir dat Zil ze erreechen. Et gëtt och driwwer nogeduecht fir Photovoltaikanlagen op den Diech vun de Flughafegebaier ze installéieren, fir Stroum ze produzéieren.

Fliger huet Potential "e nohaltegt Transportmëttel ze ginn"

Eng Prioritéit ass et awer och, fir d'Fligere méi nohalteg ze kréien. Well u sech hätt de Fliger Potential fir e ganzt nohaltegt Transportmëttel ze ginn, mengt den zoustännege Minister François Bausch:

"Wann de Fliger bis an der Luucht ass, huet e just nach ee Problem, dat ass, datt en e Motor huet, deen en immensen Impakt op den CO2-Verbrauch huet. A wann dee Problem sech bis eemol geléist huet. Dann ass - wann de Fliger bis an der Luucht ass - eigentlech kee Problem méi, well e brauch um Buedem keng Infrastruktur ausser e Flughafe wou e start a wou e lant."

De Minister preziséiert, datt et méiglech wier, e Flughafen ze dekarboniséieren. Et misst gekuckt ginn, fir och d'Fligere méi nohalteg ze kréien.

Mëttel- a laangfristeg kéint dat mat aneren Undreifsystemer wéi Waasserstoff, oder reng elektresch bedriwwenen, méi klenge Maschinne geschéien. Kuerzfristeg kéint mat nohaltegem Kerosin geschafft ginn.

Et gëtt zwar scho méi ëmweltschounende Sprit fir Fligeren, awer nach keen, deen zu 100 Prozent mat erneierbaren Energië produzéiert gëtt.

A genee do setzt Norsk e-Fuel un: De Betrib, un deem och déi Lëtzebuerger Firma Paul Wurth bedeelegt ass, schafft mat engem sougenannte "Power-to-Liquid"-Prozess. Vereinfacht gesot gëtt verbrauchten CO2 aus der Loft agefaangen an nees aktivéiert a mat Waasserstoff kombinéiert, deen zu 100 Prozent mat erneierbarem Stroum hiergestallt gouf.

"Wir können diese Rohstoffe in riesigen Mengen erzeugen"

De réie Pëtrol, deen doduerch entsteet, gëtt duerno raffinéiert, fir e kënnen an der Aviatioun agesat ze ginn. D'CO2-Emissioune kéinte mat dësem Sprit bis zu 99 Prozent reduzéiert ginn, seet de Carl Berninghausen, President vum Verwaltungsrot vun Norsk e-Fuel:

"Und daran sieht man eben auch, dass diese Kraftstoffe eigentlich keine Ressourcen-Engpässe kennen. Wir können überall auf der Welt wo die erneuerbare Energie im Großen Maße zur Verfügung steht, diesen Prozess anwenden. Wir brauchen dazu keine landwirtschaftlichen Flächen, keine Lebensmittel, wir haben einfach keine Restriktionen, sondern wir können, in dem Moment wo die Technologie im großen Maßstab zur Verfügung steht, wirklich in riesigen Mengen diese Rohstoffe erzeugen."

Et muss een net déi ganz Welt veränneren, éier een dës erneierbar Stoffer kann notzen, betount de Carl Berninghausen. De Virdeel vun dëser Technik wier et, datt een nëmmen déi fossil Matière premiere géif ersetzen.

Alles wat dono kéim, fir se ze verschaffen, an ze verbrauchen, kéint d'selwecht bleiwen. Den éischte Produktiounssite vun der Firma soll 2024 zu Mosjøen an Norwegen a Betrib geholl ginn.

D'Investitioun vu Luxairport an de Projet läit am duebelstellege Milliouneberäich. Méi konkret Zuele wollt ee vu Säite vu Luxairport net nennen.

D'Cargolux ass iwwerdeems och an Diskussioune mat Norsk e-Fuel, fir an de Betrib ze investéieren. Dat awer eréischt, wann d'Technik méi ausgeräift wier, präziséiert de Cargolux-President Richard Forson.