Radioen

On air

Espresso Beats  |  Isaac Delusion - Magicalove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxair: Technesch Problemer um Päischtweekend

Flughafen

Luxair: Technesch Problemer um Päischtweekend

Um Péngschtweekend hunn aacht Flich vun der Luxair missen annuléiert ginn. Dat wéinst technesche Problemer, wéi d 'Fluggesellschaft an hirem Communiqué schreift. Eng 1.500 Passagéier ware vun den Annulatiounen betraff. Doduerch koum et och bei weidere Flich zu gréissere Retarden, vun deene Ronn 2000 weider Passagéier betraff waren.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Eng Opreegung déi de Luxair-Direkter novollzéie kann. Et dierft een awer net vergiessen datt an der selwechter Zäit iwwer 200 Rotatioune gemaach gi wieren, argumentéiert de Gilles Feith.

Am grousse Ganze gekuckt, wier de Schued net riseg grouss gewiescht. Individuell gekuckt, géif de Gilles Feith verstoen, datt Frustratioune kéinten entstoen.

"Et muss een och soen datt d'Luxair en général iwwer d'Joer aus op eiser Flott en Moyenne 99 Prozent Dispatch Reliability huet. Dat ass an der Aviatioun ëmmer ganz héich."

Wéinst Annulatiounen eng Millioun Euro verluer

D'Luxair hätt um Weekend iwwer eng Millioun Euro wéinst den Annulatiounen, Retarden a Kompensatioune verluer, esou nach den Direkter vun der Luxair. D'Problemer wieren an Tëschenzäit awer behuewen, ënnersträicht de Gilles Feith, deen nach emol betount, datt dat just technesch Problemer waren a kee Lien mat engem eventuelle Personalmangel besteet. Och fir d'Summervakanz gëtt de Luxair-Direkter Entwarnung.

"Also ech kann haut soen datt all eis Vole gestafft sinn. Also op all Vol deen den Ament programméiert ass, do si Leit drop."

De leschte Summer haten d 'Gewerkschaften OGBL an LCGB kritiséiert, den Aarbechtsdrock wier staark geklommen an d'Personal géif u seng Limitte stoussen. Zanterhier lafen d'Diskussiounen tëschent der Direktioun, der Personaldelegatioun an de Gewerkschaften. Verschidde Punkte wieren nach net gekläert, seet d'Michelle Cloos vum OGBL. Zum Beispill wat d'Planung vum Standby bei de Piloten ugeet.

Et wier een Ofruff, datt all d'Leit kéinten ersat ginn. Wann d'Planung op engem gewëssen Niveau wier an et eng gewëssen Unzuel vu Standbyen géif ginn, da géif et ganz schnell op eng héich Unzuel vu Fluchstonne kommen. Dat wier ee Problem, deen den Ament diskutéiert géif ginn erkläert d'Michelle Cloos vum OGBL. Weider confirméiert si, datt nei Pilote bei der Luxair géife rekrutéiert ginn.