Wéi vill Leit Personal vum Grupp Luxair an eng eventuell Cellule de Reclassement kéinte kommen, soll den Aarbechtsgrupp definéieren, esou de François Bausch. Dat grousst Zil wier eng Perspektiv fir d'Luxair no 2023. Wa méiglech sollt duerno kee seng Aarbecht verléieren, et wéilt een dat "op Lëtzebuerger Aart a Weis" probéieren hinzekréien, esou de François Bausch.
D'Gewerkschaften hu sech no der Tripartite-Sitzung relativ zefridde gewisen, esou d'Michèle Cloos vum OGBL. De Wee géif opstoe fir elo weider konstruktiv virunzeschaffen.
Gilles Feith: Luxair soll 2024 net méi kleng sinn
Den neien Aarbechtsgrupp soll analyséieren, wéi de Luxair-Effectif sech an de Joren 2020 bis 2024 kéint entwéckelen, esou den LCGB-President Patrick Dury. Et géif elo och drëms goe fir "dee Sureffectif, dee sech do stellt, sozial verträglech" ouni Entloossungen ofzebauen.
Dem Luxair-Generaldirekter Gilles Feith no soll d'Luxair 2024 net méi kleng si wéi de Betrib haut ass. "Ech mengen, wann d'Luxair méi kleng gëtt, wäert d'Luxair à terme iergendwa stierwen." Dofir misst d'Luxair elo an eng nei Flott investéieren, an et misst dofir gesuergt ginn, datt déi néideg Investissementer an Zukunft och kënne bezuelt ginn.
E Gesamtpak fir d'Aviatioun bis Mëtt Oktober
Bis Mëtt Oktober soll e Gesamtpak fir den Aviatiounssecteur ausgeschafft ginn, wéinst verännerte Bedingungen duerch d'Corona-Pandemie a strukturelle Problemer, esou de Minister.
Déi annoncéiert Verschlechterunge fir déi Beschäftegt vum Grupp, déi d'Gewerkschafte schaarf kritiséiert haten, wieren net a Steen gemeesselt, esou haut de Generaldirekter.
"Eng Entreprise huet Responsabilitéite vis-à-vis vu senge Clienten, deene musse mer Sécherheet bidden, vis-à-vis vu sengen Aktionären, deenen hiren Investissement musse mer am Fong schützen. An huet natierlech och - wierklech wichteg - Responsabilitéite vis-à-vis vu senge Leit. Do musse mer kucken, wéi mer do e Spagat fannen. Mir ass all Mesure gutt, déi hëllefen dee Gesamtpak do ze ficeléieren, sou datt een eng durabel Societéit an Zukunft opstellt."