Radioen

On air

De Weekend  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxair: Nei Destinatioune sollen aus der Kris féieren

Fluchverkéier

Luxair: Nei Destinatioune sollen aus der Kris féieren












D'Luxair wäert wuel nach méi laang Zäit net profitabel sinn, esou den neie Luxair-Generaldirekter. Am Moment géif d'Luxair ronn een Drëttel manner fléien, wéi ëm dës Zäit d'lescht Joer, esou de Gilles Feith.










auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
De Gilles Feith ass Direkter vun der Luxair. (Foto: Archiv)

Op Paräis flitt d'Lëtzebuerger Airline nach net. Den neie Luxair-Direkter seet awer déi franséisch Haaptstad soll weider eng Destinatioun bleiwen, obwuel am Moment a verschiddene Länner doriwwer diskutéiert gëtt Kuerzstreckeflich ze reduzéieren.

"D'Luxair flitt dohinner, wou et eng Demande gëtt. A fir op Paräis ass kloer eng Demande, well et gi ganz vill Leit, déi vun do weider an d'Welt fléien. An natierlech kuckt d'Luxair fir hir Demande esou unzepassen, wéi d'Demande weider ass."

Dem Gilles Feith no géif een zwar mierken, datt et nees eng Demande gëtt fir ze fléien. Fir aus der Kris erauszekommen, misst d'Luxair awer flexibel sinn, och bei den Destinatiounen. Op London City kéint d'Luxair am Moment zum Beispill nach net fléien, dofir hätt déi national Airline eng ganz Partie nei Destinatiounen an de Programm geholl. "Ech zitéieren do Marseille, Bordeaux, Innsbruck, Salzburg, asw. An do kucke mer dann elo der Demande nozegoen", esou de Gilles Feith.

Nach zwee Joer, bis de Secteur sech nees erholl huet

D'Grouss Vakanz kënnt méi no, an am Moment gesäit alles dono aus, wéi wann een de Summer iwwer esouguer mam Fliger kann an d'Vakanz fléien. Mee d'Fluggesellschafte leide weider ënner der aktueller Kris. Den neie Luxair-Direkter Gilles Feith seet, d'Lëtzebuerger Airline misst flexibel sinn, wa se d'Kris wéilt iwwerstoen.

"Wa mer haut géifen drop waarden, fir erëm dat ze fléien, wat fréier gaangen ass, da géife mer ganz laang waarden. Dat dauert den Informatiounen am Secteur no méi wei zwee Joer, jee nodeem wéi dann d'Pourcentagë sinn."

Klassiker wéi München, déi soss ëmmer plus ou moins gutt gelaf sinn, déi lafen am Moment schwiereg, esou de Gilles Feith. Do géif ee momentan d'Kadenzen esou upassen, datt ee keng Sue géif op deene Strecke verléieren.