Radioen

On air

Notturno  |  Tvesla - Lonesome Rider

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxair: "De 15. Januar gëtt eng Iwwerraschung"

3G op der Aarbecht

Luxair: "De 15. Januar gëtt eng Iwwerraschung"

D'Aviatioun gehéiert zu de Secteuren, déi mat am meeschten ënner der Pandemie leiden. Ugangs, well hir Fligeren um Buedem bliwwen sinn, duerno well vill manner gereest ginn ass, an elo och nach, well hir Equipagë krank oder infizéiert sinn. Weltwäit hunn an de leschten Deeg Dausende vu Flich missen annuléiert ginn, well ze vill Crew-Memberen a Quarantän waren. D'Luxair awer konnt bis ewell nach all Vol assuréieren.

auto_stories

2 min

De Gilles Feith ass Direkter vun der Luxair. (Foto: Archiv)

De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith mécht sech iwwer villes Suergen am Moment. Awer net onbedéngt doriwwer, datt Flich aus Personalnout misste gestrach ginn:

"Éischtens denken ech, datt den Taux de vaccination en général méi héich ass bei eisen Aviatiouns-Leit. An zweetens hu mer do am Januar eis Aktivitéit, déi awer relativ réduite ass."

Dofir wieren eventuell Ausfäll och opzefänken. An aneren Aktivitéitsberäicher vum Grupp Luxair ass dat anescht. Plazeweis wieren elo schonn zéng oder souguer 13 Prozent vun der Beleegschaft am Krankeschäin, seet de Gilles Feith.

A wann elo nach de 15. Januar de 3G op der Aarbecht kënnt, kéint et richteg enk ginn. Zum Beispill am Cargo-Zenter, wou d'Aktivitéit ronderëm de Joreswiessel besonnesch grouss ass. A fir do keng béis Iwwerraschung ze erliewen, wéilt ee kucken, fir Mëtt Januar "op d'mannst zéng Prozent méi Leit am Cargo-Zenter virzegesinn".

Den 3G op der Aarbecht géif eng zousätzlech Onsécherheet an d'Betribs-Organisatioun erabréngen, seet de Generaldirekter, well d'Luxair als Patron net weess, wéi vill vun hire Leit geimpft sinn a wéi vill net. Dat bedauert de Gilles Feith:

"Mir wieren am Fong besser doduerch komm wa mer hätt kenne plangen, wa mer hätte kënne ferm am Viraus wëssen, wien ass dann elo geimpft a wien ass net geimpft. Dat wësse mer elo net: Dofir wäert de 15. Januar e bëssen eng Iwwerraschung ginn."

Net just fir d'Luxair awer, dat Lous deelt déi national Fluggesellschaft mat villen anere Betriber.