Déi Leitung ass néideg fir méi Stroum aus Däitschland op Lëtzebuerg ze transportéieren. Dat liicht och dem Steeseler Buergermeeschter Jempi Klein an.
"Am Prinzip gesi mer d'Necessitéit, d'Utilitéit vun der Stroumzouliwwerung an. Mir als Steeseler si frou, wa mer bewunnten Territoire vun den Anlage befreit kréien. Awer net ënner egal wéi enge Konditiounen."
D'Héichspannungsleitungen iwwer Heeschdref géifen duerch de Projet verschwannen an en Umspannwierk am Duerf géif méi kleng. Mee dofir wier amplaz um Heeschdrefer Plateau en Umspannwierk op 12 Hektar Terrain geplangt. Vun do géifen d'Leitungen erof an de Dall goen, laascht d'Autobunnsbréck, bis op déi aner Säit, fir vun do aus weider op Bartreng gezunn ze ginn. Dofir wiere 50 Meter héich Masten am Uelzechtdall geplangt. De Luerenzweiler Buergermeeschter Jos Roller fënnt seng Bierger wiere schonn duerch de Bau vun der Nordstrooss ferm geschiedegt ginn. Dofir misst elo no Alternative gesicht ginn, déi d'Leit an d'Ëmwelt schounen. "Well et ka jo net sinn, datt herno de roude Milan an d'Fliedermais dem Lëtzebuerger Staat méi wäert sinn, wéi eis Leit, déi do wunnen."
Jos Roller bréngt méiglech Entschiedegungen an d'Spill
Vill Méiglechkeeten hunn d'Gemengen net fir sech ze wieren, erkläert de Jos Roller. De Staat kéint dem Projet eng Utilité publique zouspriechen a sech domat iwwer all Bedenken ewechsetzen. Am Fall wou de Projet ëmgesat géif ginn, fuerdert de Jos Roller Entschiedegungen.
Falls keen aner Tracé méiglech ass, fuerderen déi zwou Gemenge fir den Impakt fir Awunner an d'landwirtschaftlech Flächen esou kleng wéi méiglech ze halen. Dat andeems d'Umspannwierk agekapselt an esou no wéi méiglech un d'Autobunn gebaut gëtt, an d'Leitungen esou wäit wéi méiglech ënnerierdesch geluecht ginn.