Bei de Chamberwalen am Joer 2009 hat de Luc Frieden am Zentrum en däitlech bessere perséinleche Score wéi de Claude Wiseler. 2013, déi lescht Kéier wéi hien ugetrueden ass, waren en am Zentrum nach ëmmer den Éischten, mee säi Virsprong op de Claude Wiseler war net méi sou grouss. Eng Rei Affären, iwwer déi d'CSV an de Jore virdru gefall war, haten och beim Walresultat vum Luc Frieden hier Spueren hannerlooss.
2013: Reprochë géint de Luc Frieden
Géint de Luc Frieden gouf et am Parlament e Mësstrauensvott, kuerz ier d'CSV-LSAP-Koalitioun wéinst der Srel-Affär 2013 an d'Bréch gaangen ass. Als fréiere Justizminister krut de Luc Frieden reprochéiert, d'Bommeleeër-Enquête net ënnerstëtzt ze hunn.
Eng aner Affär, an där hie vill am Mëttelpunkt stoung, war d'Cargolux-Affär: Et gouf kritiséiert, datt de Luc Frieden en Drëttel vun der Cargolux u Qatar Airways verkaaft huet, ouni datt et e strategesche Plang gi wier. D'Zesummenaarbecht mat Qatar Airways huet sech dono och als ganz schwiereg erwisen, an d'Qatari hunn d'Lëtzebuerger Airline nees verlooss.
2014: Luc Frieden verléisst d'Politik
Och mam deemolege Koalitiounspartner LSAP hat de Luc Frieden dacks Divergenzen: als Finanzminister hat de Luc Frieden am Joer 2012 e Budgetsvirschlag presentéiert, deen op Initiative vun de Fraktiounscheffe vun der Koalitioun amendéiert huet misse ginn. D'Situatioun an der Regierung war deemools och dowéinst ugespaant.
2014 huet de Luc Frieden d'Politik du verlooss well hien net wollt an der Chamber op der Oppositiounsbänk sëtzen. 2019 war hien am Gespréich fir eventuell nees mat op d'Europalëscht vun de Chrëschtlech-Sozialen.
En CSV-Mandataire sot eis deemools: Mee e Retour vum Luc Frieden an d'Politik ass schwéier, no där ganzer Vergaangenheet. Dëst Joer soll et dann awer esou wäit sinn: No zwou Legislaturen an der Oppositioun wëll d'CSV op de Luc Frieden setzen, fir zréck an d'Regierungsverantwortung ze kommen.