Trotz de Lacunë vum Euro, déi op noutwenneg politesch Kompromësser zeréckzeféiere wieren, hätt hien ni en Zerbrieche vun der Wärung gegleeft, sou de Luc Frieden. Et géif momentan awer kee gesamt-europäescht politescht Steierungsinstrument fir d'Euro-Zon ginn. "Déi politesch Unioun, déi feelt", sou de Luc Frieden. Dofir misst ee weider Stécker dobäisetzen, fir dat den Euro laangfristeg d'Krittäre vun enger groussen internationaler Wärung erfëllt.
Den Euro ass fir hie méi wéi eng Wärung, sou de fréiere Lëtzebuerger Finanzminister.
"Den Euro ass, wéi Schengen, e Verbindungsglied tëscht de Länner, déi dat decidéiert hunn (déi 19 haut, déi 12 deemools). An dofir hunn ech et (een Zerbrieche vun der Eurozon n.v.d.R.) ëmmer ausgeschloss."