Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden eestëmmeg zum Spëtzekandidat gewielt

CSV Konvent zu Ettelbréck

Luc Frieden eestëmmeg zum Spëtzekandidat gewielt

De Luc Frieden geet als Spëtzekandidat vun der CSV mat an d'Chamberwalen. Um Samschde Moie gouf dëst ouni Géigestëmm ugeholl. Iwwerdeems huet déi Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei och hire Slogan fir déi kommend Gemengewale presentéiert.

auto_stories

2 min

De Luc Friede gouf als nationale Spëtzekandidat fir d'Chamberwale konfirméiert. (Foto: Jacques Ganser)

Lauschterenplay_arrow


"Fro net wat däi Land fir dech ka maachen, mee fro wat's du fir däi Land kanns maachen." Dat hätt hie beweegt, fir ze kandidéieren, sou de Luc Frieden.

"Zäit, datt sech eppes ännert"

D'Regierung wier um Enn, d'Loft wier eraus an d'CSV misst nees an d'Regierung, sou de Luc Frieden. An der Gesondheetspolitik, an der Standuertpolitik an och bei Energiewandel hätt d'Regierung den Trend verschlof. Dobäi kéim e Rekordscholdestand.

"Et ass also Zäit, datt sech eppes ännert. Ët ass Zäit, datt eng aner Politik hei am Land gemaach gëtt. An dee Wiessel am Land, dee Wiessel an der Regierung, dee fänkt, léif Frëndinnen a Frënn, haut hei zu Ettelbréck un."

De Luc Frieden huet dann och seng Walziler opgezielt. Vu Premier gi war do net Riets.

"Ech wëll, datt um Owend vum 8. Oktober d'CSV déi gréisste Partei, déi gréisste Fraktioun an der Lëtzebuerger Chamber ass. Ech wëll, datt d'CSV zréck an d'Regierung kënnt an ech wëll, datt um Walowend an duerno et zu respektvolle Gespréicher mat deenen anere Parteie kënnt."

Eng gesond Ekonomie huet Prioritéit

A senger Grondsaatzried huet de Luc Frieden erkläert, Soziales, Ökonomesches an Nohaltegkeet wëlle mateneen ze verbannen. Virop misst d'Logementskris geléist ginn. Zum Beispill iwwer d'Erwiedere vu Perimetere wou dat méiglech ass.

"Mir brauchen also um Ufank vun der neier Regierung direkt eng Zort Logementstripartite, wou mir e puer Moossnamen decidéieren, déi och direkt ëmgesat ginn."

A ville Beräicher huet de Luc Frieden sozial an Ëmweltfroen opgeworf, dat allerdéngs ënnert der Prioritéit vun enger gesonder Ekonomie. Sozialhëllefe jo, awer méi selektiv. Marshallplang fir alternativ Energien jo, awer mat positiver Konnotatioun. Et stéing een och zum Index, mee:

"Wa méi wéi eng Indextranche innerhalb vun 12 Méint erfalen, da muss am Sozialdialog tëscht der Regierung, dem Patronat an de Gewerkschaften diskutéiert ginn."

Eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit iwwer ee gesetzleche Wee wier mat der CSV net ze maachen, sou nach de Luc Frieden, dee sech och fir eng Steierreform, awer géint een Eropsetze vum Spëtzesteiersatz ausgeschwat huet.

Iwwerdeems huet déi Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei och hire Slogan fir déi kommend Gemengewale presentéiert: "Méi no, méi beweegen".