Radioen

On air

Notturno  |  Randy Newman - Short People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Feller: "Mir kréien dat hin"

Delai fir Booster-Impfung erofgesat

Luc Feller: "Mir kréien dat hin"

D'Regierung huet jo e Freideg decidéiert, den Delai fir d'Booster-Impfung op dräi Méint ze verkierzen. D'Booster-Campagne gëtt also nach eemol acceleréiert.

auto_stories

2 min

De Luc Feller ass als Haut Commissaire de la Protection Nationale zoustänneg fir d'Impfcampagne. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


"Mir kréien dat hin", seet de Luc Feller. A wann hien dat mat guddem Gewësse behaapte ka, läit dat u 40.000 Dosisse vum Pfizer-Impfstoff, déi am Laf vun dësem Mount solle geliwwert ginn, éischter wéi virgesinn.

Dat wieren engersäits Dosissen, déi am Laf vum Joer manner geliwwert ginn, an anerersäits géifen déi op en zousätzleche Kontrakt zeréckgoen, deen zesumme mat der europäescher Kommissioun Enn Dezember ënnerschriwwe gouf.

An déi komme gutt, well virun allem Pfizer gebraucht gëtt, elo, wou déi ënner 30järeg hir drëtt Impfung kréien. Leit ënner 30 Joer kënne mëttlerweil jo keen Impfstoff vu Moderna méi kréien. Haut a muer géifen nees eemol 32.000 Invitatiounen erausgoen, seet de Luc Feller.

42.000 Impfungen d'Woch si méiglech

Et géif beim beim Prinzip bleiwen, datt ee fir de Booster e Rendezvous muss huelen, an datt där Rendezvousen ëmmer nëmmen esou vill fräigeschalt gi wéi Vaccin do ass.

Aktuell ginn et fënnef Impfzenteren, deen aus der Victor-Hugo-Hal gouf virun aacht Deeg op d'Luxexpo verluecht, ouni datt awer Capacitéite verluer gaange wieren, seet de Luc Feller, esou datt ee pro Woch eng 42.000 Impfunge maache kéint.

Déi eenzeg, déi keng Invitatioun fir eng Booster-Impfung kréien, si Lëtzebuerger Residenten, déi hir éischt zwou Dosissen am Ausland kruten, wéi zum Beispill Studenten. Déi kënnen dann ouni Rendezvous an en Impfzenter goen, wa se wëlle geboostert ginn.