Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Feller: Impfzenter um Findel kéint dëse Weekend opgoen

Impfcampagne

Luc Feller: Impfzenter um Findel kéint dëse Weekend opgoen

150.000 Invitatioune fir eng Booster-Impfung si schonn erausgaangen, eng 100.000 Leit hunn dovu scho Gebrauch gemaach, seet de Luc Feller. Momentan misst ee 7-8 Deeg op säi Rendezvous waarden, dësen Delai wëllt een awer verkierzen.

auto_stories

2 min

De Luc Feller ass als Haut commissaire à la protection nationale verantwortlech fir d'Impfcampagne

Fir dës Waardezäit ze verkierzen, gëtt den Impfzenter um Findel am Hangar vun der Air Rescue erëm opgemaach. Hei gi just Booster-Impfunge gemaach, erkläert de Luc Feller.

Zousätzlechen Impfzenter: Méi Impfstoff néideg

Den Impfzenter wäert opgoen, soubal déi extra Quantitéit un Impfstoff, déi d'Regierung bestallt huet, ukënnt. Dës soll Mëtt der Woch hei am Land ukommen.

Dofir hätt een europäesch Mechanisme spille gelooss, an dat géif och "ganz positiv ausgesinn", esou de Luc Feller, deen à ce stade awer net méi Detailer wollt ginn. Aktuell muss ee siwe bis aacht Deeg op säi Rendezvous an engem Impfzenter waarden.

"Mir wëllen deen Delai erofdrécken. Fir deen Delai erofzedrécken, brauche mer méi Vaccin. An et ass dofir wou mer probéieren, nach méi Vaccin ze kréien."

De Luc Feller ass der Meenung, datt een d'Rendezvousen eréischt soll opmaachen, wann den Impfstoff och wierklech zu Lëtzebuerg ass. "Net, datt mer duerno Rendezvousen annuléiere mussen." Wann dës Demarche esou verleeft, wéi geplangt, da kéint een den nächste Weekend den Impfzenter um Findel opmaachen.

Een Zesummespill vu verschiddene Parameter

Datt den Impfzenter um Findel opgemaach gëtt ass fir den Haut commissaire à la protection nationale awer keen Aveu, datt een ze spéit mat der Organisatioun vun der Booster-Campagne ugefaangen hätt: d'Capacitéite géifen duerch d'Zuel vun de Vaccinen determinéiert ginn.

Et wiere mëttlerweil méi Leit fir eng Booster-Impfung eligibel - ënner anerem, well den Delai fir ee Booster no der Impfung mat AstraZeneca op véier Méint reduzéiert gouf. Fir dorop ze reagéieren hätt d'Regierung decidéiert, den Impfzenter um Findel erëm opzemaachen:

"Dofir brauche mer e weideren Impfzenter, mee do kënne mer eréischt reagéieren, wa mer weider Impfdosisse kréien. Et ass ëmmer en Zesummespill tëscht all deene Parameteren."

Déi verschidde Pop-up-Impfzenteren uechter d'Land géife gutt funktionéieren, seet de Luc Feller: vill Leit wiere komm fir eng éischt Impfung ze kréien. Hie geet dovunner aus, datt sech dës Woch nach vill Leit eng éischte Kéier impfe wäerte loossen.