Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Josh Island - Love Don't Come Easy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP-Presidence: Francine Closener kandidéiert net

Politik

LSAP-Presidence: Francine Closener kandidéiert net

D'LSAP-Deputéiert Francine Closener verzicht wéinst engem Krankheetsfall an der Famill op eng Kandidatur fir Parteipresidentin ze ginn. Dat huet déi fréier Staatssekretärin op Facebook matgedeelt. Den Yves Cruchten confirméiert, datt hie wëllt kandidéieren.

auto_stories

2 min

Francine Closener Foto: Archiv

Si wier frou, datt de laangjäregen LSAP-Generalsekretär an Deputéierten Yves Cruchten seng Kandidatur fir d'Partei-Presidence géif stellen, esou d'Francine Closener an hirem Post op Facebook. Well hire Mann Jay Schiltz krank ginn ass, wäert si net kënne kandidéieren, esou d'Erklärung.

De 44 Joer alen Yves Cruchten huet op eis Nofro hi confirméiert, datt hie wëllt kandidéiere fir neien LSAP-President ze ginn.

Den Yves Cruchten war vun 2010 bis d'lescht Joer LSAP-Generalsekretär. Chamber-Deputéierten ass hien zanter 2013.

Kongress a gutt zwou Wochen

Den Delai fir d'Kandidature leeft de Méindeg, 24. Februar of.

D'LSAP wielt den 8. Mäerz um Nationalkongress zu Käerjeng een neie President, als Nofollger vum Franz Fayot. Den Zentrums-Politiker kann net un der Parteispëtzt bleiwen, well hien an d'Regierung gewiesselt ass. Ufank Februar war de Franz Fayot als Wirtschafts- a Kooperatiounsminister vereedegt ginn. Parteipresident war de Franz Fayot eréischt am Januar 2019 ginn.

Um LSAP-Kongress den iwwernächste Sonndeg sti keng aner Personalentscheedungen um Programm.

D'Regierungspartei LSAP huet - eegener Ausso no - eng 5.000 Memberen.

Reaktioun vum Vizepremier Dan Kersch

"Dem Francine Closener seng Decisioun fir net als Kandidatin fir Parteipresidentin unzetrieden, well hire Mann krank ginn ass, verdéngt absolutte Respekt", esou de Vizepremier Dan Kersch op Facebook. Et géif Situatiounen am Liewe ginn, wou ee Prioritéite misst setzen.

Donieft seet den Dan Kersch dem LSAP-Vizepresident a Parteipresident faisant fonction Dan Biancalana an dem Yves Cruchten Merci, fir sech an Ofsprooch mat anere Parteimembere fir d'Kandidatur vum Yves Cruchten als neie Parteipresident auszeschwätzen.

An enger "ganz schwiereger Situatioun" wier no enger gudder Léisung fir déi ganz Partei gesicht ginn, schreift den Dan Kersch.