De Beetebuerger LSAP-Spëtzekandidat a Sektiounspresident Marco Estanqueiro huet der DP an der Walnuecht eng Minoritéitskoalitioun offréiert, déi op d'ADR ugewise gewiescht wier, fir am Gemengerot déi néideg Majoritéit vun aacht vu 15 Sëtz ze hunn. Déi lokal DP, déi d'selwecht wéi 2017 just ee Mandat krut, krut als Géigeleeschtung de Buergermeeschterposten offréiert. Den DP-Spëtzekandidat Gusty Graas huet d'Offer moies fréi schrëftlech ofgeleent, mam Argument, hie wéilt net op d'ADR ugewise sinn.
De Marco Estanqueiro huet op eis Nofro hi confirméiert, datt hien der DP de Buergermeeschterposten offréiert huet, dementéiert awer, datt d'LSAP bereet gewiescht wier eng Koalitioun ze maachen, déi op d'Ënnerstëtzung vun der ADR ugewise gewiescht wier. Op d'Fro, wéi d'LSAP an d'DP (zesumme just siwe vu 15 Sëtz) dann op eng Majoritéit am Gemengerot komm wieren, hat den LSAP-Sektiounspresident keng plausibel Äntwert. Dann hätt d'LSAP sech wuel verrechent.
Och d'Co-Presidentin a Co-Spëtzekandidatin vun der Beetebuerger LSAP, Izabela Golinska, confirméiert op Nofro hin, datt d'LSAP dem Gusty Graas de Buergermeeschterposten offréiert huet. D'ADR wier awer ni am Gespréich gewiescht fir déi Koalitioun ze erméiglechen. Et wier "vläicht een dommen Uruff ouni Logik" gewiescht, esou d'Izabela Golinska, déi och Co-Presidentin vun der JSL ass. Déi Beetebuerger LSAP hätt wëlle stëppelen, well se als stäerkste Partei enttäuscht war, net an de Schäfferot ze kommen.
Et wier eng Première gewiescht
D'ADR seet, si wier zënter de Sonndeg vu kengem kontaktéiert ginn. D'ADR hätt d'selwecht wéi d'DP ee Sëtz kritt, an dofir wéisst een net, ob een averstane gewiescht wier, eng Koalitioun tëscht LSAP an DP ze ënnerstëtzen, ouni an de Schäfferot ze kommen.
D'LSAP ass och de Sonndeg zu Beetebuerg mat sechs Sëtz nees stäerkste Partei ginn, fënnt zënter 2011 awer kee Koalitiounspartner méi a wäert dofir och déi nächst sechs Joer nees an der Oppositioun sinn. D'CSV, déi gréng an d'DP féieren hir Koalitioun nämlech gär virun (zesummen aacht vu 15 Sëtz).
Et wier eng Première zu Lëtzebuerg gewiescht: Eng Koalitioun an enger Proporzgemeng, déi vun der ADR toleréiert gëtt, gouf et nach ni. D'Beetebuerger CSV hat als zweestäerkst Partei am Walkampf eng Koalitioun mat der ADR ausgeschloss.
Gusty Graas: "Ech sti ganz roueg do"
De Gusty Graas confirméiert eise Bericht, datt d'Beetebuerger LSAP him d'Formatioun vun enger Minoritéitskoalitioun offréiert huet, déi just hätt kënne mat der Ënnerstëtzung vun der rietspopulistescher ADR fonctionéieren. De Beetebuerger DP-Spëtzekandidat seet am 100,7-Interview, hie wier an der Walnuecht vum Beetebuerger sozialistesche Spëtzekandidat kontaktéiert ginn, an hien hätt de Buergermeeschterposten offréiert kritt. LSAP an DP hätten zesumme keng Majoritéit am Gemengerot. De Gusty Graas seet, hien hätt dowéinst gefrot, wéi sou eng Minoritéitskoalitioun da sollt fonctionéieren, an du wier vun enger Toleranz duerch d'ADR Rieds gaangen. Hien hätt du moies schrëftlech via SMS ofgeleent, well hien näischt ufänke géif wou hien op d'ADR ugewise wier.
D'LSAP Beetebuerg schwätzt an Tëschenzäit an engem Communiqué vun "absurde Spekulatiounen". De Gusty Graas seet, hie géif sech doriwwer wonneren. Hie wier vu méi Leit aus der LSAP op dee Virstouss vun der Beetebuerger LSAP ugeschwat ginn an déi wieren och net frou iwwer dat Verhalen.
"Mee ech sti ganz roueg do, well ech A nach eng Kéier confirméieren, datt dat Gespréich stattfonnt huet, B mer proposéiert hu Buergermeeschter ze ginn, an C ech moies schrëftlech iwwer SMS matgedeelt hunn datt ech net bereet wier iwwert déi constellatioun ze schwätzen, well se just ka mat Ënnerstetzung oder Toleranz vum ADR geschéien, an dat kënnt fir mech net a Fro."
De Gusty Graas geet dovun aus, datt d'Beetebuerger LSAP-Spëtzekandidate Marco Estanqueiro an Izabela Golinska hire Virstouss net mam Comité vun der Beetebuerger Sektioun ofgeschwat hätten. Vertrieder vun där Sektioun soten dem Tageblatt, déi, déi beim Gusty Graas ugeruff hunn, hätte vläicht net ganz iwwert hier Aktioun nogeduecht.